Den Iwwerbléck vum internationale FuttballKöln wënnt Rheinderby géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Gladbach bleift och ënnert dem neien Trainer ouni Punktgewënn. An Italien huet d'AS Roum d'Tabelleféierung no engem Gläichspill ofginn.
© ULRIK PEDERSEN/NurPhoto via AFP

An eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fannt dir all relevant Resultater vun eise Roude Léiwen am Ausland. De Leandro Barreiro spillt den Owend um 19 Auer mat Benfica géint Guimaraes.

Bundesliga

Köln - Gladbach 2:1
1:0 Johannesson (26'), 1:1 Scally (39'), 2:1 El Mala (66')

Köln huet de Rheinderby fir sech entscheet. Decisive Mann war dobäi hire Stiermer El Mala. D'Lokalekipp war no engem stramme Schoss aus 18 Meter vum Johannesson a Féierung gaangen, wat Gladbach e bësse kal erwëscht hat. Wéi d'Partie méi roueg gouf, ass de Gäscht den Ausgläich gelongen. Nom Säitewiessel huet Köln op den 2:1 gedréckt a gouf no enger Stonn fir seng Efforte belount.

Well den Effzeh awer net fir d'Entscheedung gesuergt huet, koum Gladbach an de leschte Minutten nach zu enger Chance, déi awer näischt abruecht huet. Gladbach bleift och nom Debüt vum neien Trainer Alexander Blessin ouni Punkten an dëser Saison.

Freiburg - Schalke (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Manchester City (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Como - AS Roum 0:0

Duerch dat zweet Gläichspill an dëser Saison huet d'Roma hir Tabelleféierung verluer.

Lazio Roum - Monza 3:1
1:0 Tavares (3'), 2:0 Isaksen (23'), 2:1 Goglichidze (46'), 3:1 Pinamonti (88')

Lazio Roum huet sech beim Match géint d'Ekipp aus dem leschten Drëttel vun der Tabell keng Bléisst ginn a bleift un Inter Mailand drun. D'Nerrazurri huet just dat bessert Golverhältnis.

Sassuolo - AC Mailand (18:00 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Stroossbuerg 2:1
0:1 Essugo (41'), 1:1 Demba (45'+2, Eegegol), 2:1 Clauss (81')

Stroossbuerg kënnt dës Saison net sou richteg un. Am sechste Match gouf et déi drëtt Néierlag, domat bleiwen d'Elsässer bei 7 Punkte stoen an och am leschten Drëttel vun der Tabell. Fir Nice war dës Victoire wichteg, fir net ënnen am Tabellekeller ze bleiwen. Si hunn elo zwou Victoiren, zwee Gläichspiller an zwou Néierlagen um Kont.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO