Keng Suen an der KeessManchester United verkeeft Wuess aus dem Old Trafford

Tom Nols
Sportlech wéi finanziell ass ManU an der Kris. Mat Hëllef vun enger kreativer Iddi soll rëm bësse Geld an d'Keess kommen.
Wuess aus dem Old Trafford ass e begierten Artikel.
Wuess aus dem Old Trafford ass e begierten Artikel.
© NEWS IMAGES/NurPhoto via AFP

Fir déi éischte Kéier zanter 14 Joer war an dësem Summer de Wuess frëschgemaach ginn am Old-Trafford-Stadion. Duerno haten d'Fans d'Méiglechkeet kritt, e klengt Stéck vun der aler Wiss ze kafen, agegoss an e 7 mol 7 Zentimeter grousse Cube aus duerchsiichtegem Plastik. Den 165 Euro deieren Artikel war bannent kierzter Zäit ausverkaaft.

Déi finanziell Kris vun de Red Devils wäert domat allerdéngs net geléist ginn. An der Saison 2025/2026 hu Manchester United e Verloscht vun ëmgerechent 50 Milliounen Euro gemaach. Fir déi siwente Saison hannertenee si Verloschter ze verzeechnen. Dorun ännert och e Rekordëmsaz vu 787 Milliounen an en operative Gewënn vu 26 Milliounen Euro näischt.

Déi komplett Schold vum englesche Rekordchampion, deen an dëser Saison aktuell just op Plaz 12 steet an der Premier League, läit laut Finanzexperte bei méi wéi enger Milliard Euro.

Back to Top
CIM LOGO