Optakt an der Nations League géint LëtzebuergNo Berbatov, Balakov a Stoichkov - Bulgarien am Joer 2026

Sam Rickal
Bis ewell goufen et 17 Dueller tëscht Lëtzebuerg a Bulgarien. Ganz grouss Staren hunn d'Bulgare keng méi.
Den Aleksandar Dimitrov, hei am schwaarze Jogging, ass zanter September 2025 bulgareschen Nationaltrainer.
Den Aleksandar Dimitrov, hei am schwaarzen Jogging, ass zanter September 2025 bulgareschen Nationaltrainer.
© MEHMET EMIN MENGUARSLAN / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

Wann een un déi bulgaresch Futtballnationalekipp denkt, da kommen deene meeschte Futtballsupporter wuel ënner anerem dës dräi Spiller an de Kapp:
Dimitar Berbatov, Krasimir Balakov a Hristo Stoichkov.

De Berbatov, deen ënner anerem zweemol mat Manchester United englesche Champion gouf an och bei Tottenham oder Leverkusen gespillt huet, ass bis haut mat 48 Goler de beschte Buteur vun der Nationalekipp. De Balakov kennt een duerch seng Zäit bei ënner anerem dem VFB Stuttgart an der däitscher Bundesliga. De Stoichkov ass bis dato den eenzege Bulgar, deen de Ballon d'Or gewonnen huet. 1994 ass him dat als Spiller vum FC Barcelona gelongen.

Am selwechte Joer huet de Mëttelfeldspiller et mat Bulgarien op der Weltmeeschterschaft an den USA bis an d'Halleffinall gepackt. Um Wee dohin hunn d'Bulgaren ënner anerem den deemolege Weltmeeschter Däitschland eliminéiert. Insgesamt siwemol konnte sech d'"Léiwen", wéi déi bulgaresch Nationalekipp och nach genannt gëtt, fir eng WM qualifizéieren.

Donieft ware si zweemol bei enger Europameeschterschaft mat dobäi. Déi leschte Kéier war dat 2004 a Portugal de Fall, deemools ware se an der Gruppephas eliminéiert ginn.

Bulgarien am Joer 2026

Déi ganz grouss Zäite sinn awer zanter e puer Joren eriwwer. Bulgarien steet an der FIFA-Weltranglëscht op Plaz 85, also 14 Plaze viru Lëtzebuerg. An der Nations League hunn d'Bulgaren de Gros vun der Zäit an der Liga C gespillt, tëschenzäitlech an der Campagne 2020/21 an der Liga B. Réischt viru Kuerzem war Bulgarien an der nämmlechter Nations-League-Grupp wéi d'FLF-Selektioun. 2024/25 haten et d'Bulgaren als Zweeten an de Playoff gepackt. Do ware si dunn an zwee Matcher Irland ënnerleeën.

Zanter September d'lescht Joer ass den Aleksandar Dimitrov bulgareschen Nationaltrainer. De 50 Joer ale Bulgar huet bis ewell 8 Matcher op der Trainerbänk hannert sech. Et gouf 4 Defaiten an ee Remis. Donieft och 3 Victoiren, ënner anerem eng géint Georgien an der WM-Qualifikatioun, wou ënner anerem och Spuenien an d'Tierkei am Grupp waren.

D'Stare vun hautzedaags heeschen net méi Berbatov, Balakov oder Stoichkov, mee dofir Gruev oder och Petkov. Den Ilia Gruev ass ee vun de wichtege Pilieren am Kader vum Nationaltrainer Aleksandar Dimitrov. Zanter 2023 steet de 26 Joer ale Mëttelfeldspiller bei Leeds United an der englescher Premier League ënner Kontrakt. Virdru war hien och ënner anerem fir Werder Bremen aktiv, fir déi hien 33 Matcher an der Bundesliga gespillt huet.

Mam Lukas Petkov spillt do aktuell nees e Bulgar. De 25 Joer ale Stiermer spillt zanter 2024 fir den Opsteiger SV Elversberg, wou hien och mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte zesummegeschafft huet. Dës Saison huet de Petkov ee Gol an eng Virlag a 4 Matcher an der ieweschter däitscher Divisioun opzeweisen. Donieft war hien och well beim FC Augsburg a bei Greuther Fürth.

Ee Spiller, deen den Enes Mahmutovic an den Dirk Carlson gutt kennen, ass den Ivan Turitsov. Déi zwee Lëtzebuerger Nationalspiller spille mam 27 Joer alen Defenseur zesumme bei Dinamo Batumi an der éischter georgescher Divisioun. Deemno kéinte sech déi Dräi e Samschdeg um Terrain am Hristo Botev Stadion zu Plovdiv géintiwwer stoen.

D'Partie Bulgarien géint Lëtzebuerg kënnt Dir e Samschdeg vun 17.45 Auer un bei eis um RTL Zwee, um Radio an op RTL.lu live suivéieren.

Detailer vum Jeff Kettenmeyer am Owesjournal op der Télé

Back to Top
CIM LOGO