Zweefache Ballon-d'Or-GewënnerFuttball-Legend Kevin Keegan am Alter vu 75 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi seng Famill matgedeelt huet, ass de fréieren engleschen Nationalspiller an Trainer, dee fir d'lescht mat enger Kriibserkrankung ze kämpfen hat, mat 75 Joer gestuerwen.
(FILES) Newcastle's English Manager Kevin Keegan gestures during their Premier League match against West Ham at Upton Park, East London on April 26, 2008.
De Kevin Keegan bei senger leschter Statioun als Trainer am Joer 2008.
© AFP/

De fréieren englesche Futtballspiller Kevin Keegan ass am Alter vu 75 Joer un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen. Dat huet seng Famill e Méindeg annoncéiert: "Mir annoncéiere mat enger immens grousser Trauer, datt de Kevin Keegan am Alter vu 75 Joer gestuerwen ass."

De Kevin Keegan war ënner anerem als Stiermer beim FC Liverpool an duerno och beim Hamburger SV aktiv, wou hien 1978 an 1979 zweemol hannerteneen de Ballon d'Or wanne konnt. An der englescher Nationalekipp konnt hie bannent 63 Matcher 21 Goler schéissen an no senger aktiver Karriär war hien ënner anerem Trainer vun den Three Lions, Manchester City an Newcastle United.

Back to Top
CIM LOGO