Am Fall vum Weiderkommen am 1. Tour vun der Conference-League-QualiMéiglech weider Géigner vun Déifferdeng, Munneref a Stroossen sti fest

Sam Rickal
E Mëttwoch gouf zu Nyon an der Schwäiz och well den zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun ausgeloust.
© Val Wagner

Bekannt ass, datt et de Coupe-Gewënner Déifferdeng am éischten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun mat Ilves Tampere aus Finnland ze di kritt, Munneref mat Dinamo Tiflis aus Goergien a Stroossen muss géint La Fiorita aus San Marino untrieden.

E Mëttwoch gouf och well den zweeten Tour ausgeloust. Déifferdeng géing am Fall vum Weiderkomme géint de Gewënner vun der Partie Víkingur Reykjavík vun de Färörer Insele géint Stjarnan Gardabaer aus Island spillen.

Fir déi Stroossener kéim et am zweeten Tour zum Duell mat Partizan Belgrad aus Serbien. Op Munneref géing no der Partie géint Dinamo Tiflis aus Georgien de Gewënner vum Match OFK Petrovac aus Montenegro géint Zalgiris Vilnius aus Litauen waarden.

Damme vum Stater Racing direkt am 2. Tour

Eng positiv Nouvelle gouf et fir d'Damme vum Stater Racing. Den Doublé-Gewënner muss net am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun untrieden an däerf domadder direkt am zweeten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Champions League starten. Dat krut de Stater Fusiounsveräin e Mëttwoch confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO