Cristiano Ronaldo op CNN"Ech sinn dee Beschten an der Geschicht"

RTL mat AFP
De Portugis hält sech fir dee beschte Futtballspiller vun allen Zäiten a wënscht sech méi Unerkennung fir seng Leeschtungen.
De Cristiano Ronaldo spillt a Saudi Arabien fir den al-Nassr FC.
De Cristiano Ronaldo spillt a Saudi Arabien fir den al-Nassr FC.
© FAYEZ NURELDINE/AFP

An engem Interview op CNN huet de Cristiano Ronaldo sech beschwéiert, hie krit net genuch Unerkennung fir seng Leeschtungen. Seng aktuell Form a seng Goler géingen de Leit net duergoen, sou de Portugis, deen an 1.337 Matcher 980 mol getraff huet.

De Ronaldo huet sech d'1.000 als Zil gesat. Mee och wann et der "nëmmen 920, 925 oder 930 wieren: Ech sinn dee Beschte vun der Geschicht, Punkt. D'Zuele schwätze fir sech. Wann ech d'1.000 erreechen, ass dat e fantastescht Zil. Mee ech denken net laangfristeg", sou den CR7 am Interview.

Ëmmer rëm ginn et Diskussiounen doriwwer, wien de beschte Futtballspiller vun allen Zäite war oder ass. Messi, Maradona, Pelé... De Cristiano Ronaldo gehéiert mat senge Leeschtungen an de Krees vun de ganz Groussen. Hien ass mat Portugal Europameeschter ginn, huet fënnefmol d'Champions League gewonnen an ass fënnefmol als Weltfuttballer vum Joer ausgezeechent ginn.

Viru kuerzem war de portugisesche Superstar vun der nationaler Federatioun virleefeg suspendéiert ginn, well hien op eege Verantwortung aus dem Camp vun der Nationalekipp ofgereest war, nodeems et zu Differenze komm war mam Nationaltrainer Jorge Jesus.

An engem laange Schreiwes hat de Ronaldo sech duerno bei senge Matspiller a beim Land entschëllegt an e Récktrëtt ausgeschloss, wuel awer ënnert der Konditioun, datt de Jesus vu senger Funktioun entbonne gëtt.

Back to Top
CIM LOGO