20 Joer nom Zuchaccident zu Zoufftgen"De Schmerz ass nach ëmmer sou staark wéi an der éischter Minutt"

Tim Morizet
Den 11. Oktober 2006 koume beim Zuchaccident zu Zoufftgen sechs Leit ëm d'Liewen. Ee vun hinne war de Papp vum Eléonore Dées de Sterio. Si war deemools néng Joer al.
"De Schmerz ass nach ëmmer sou staark wéi an der éischter Minutt"
Den 11. Oktober 2006 koume beim Zuchaccident zu Zoufftgen 6 Leit ëm d'Liewen. Ee vun hinne war de Papp vum Eléonore Dées de Sterio. Si war deemools 9 Joer al.

Al Zeitungsartikelen, Fotoen an d'Doudesannonce vun hirem Papp, dem Alexandre Marius, leie bei eisem Besuch um Dësch. Fir d'Eléonore Dées de Sterio sinn et Erënnerungen un en Dag, deen hiert Liewe fir ëmmer verännert huet. Den 11. Oktober 2006 ass hire Papp beim Zuchaccident zu Zoufftgen ëm d'Liewe komm. Hie war Journalist an Universitéitsprofesser a reegelméisseg mam Zuch a Frankräich ënnerwee, wou hien enseignéiert huet.

D'Eléonore war deemools néng Joer al, hir Schwëster siwen. Besonnesch de Moien nom Accident ass hir bis haut an Erënnerung bliwwen.

"Ech weess nach ganz genau, wéi eis Mamm eis op de Canapé gesat huet, mat menger Schwëster. Ier meng Mamm e Wuert gesot hat, hat ech déi Intuitioun, datt mäi Papp dout wier. Well hie war net do. Hie war net do."

Hir Mamm huet de Meedercher duerno erkläert, wat geschitt war. "Si huet et op eng ganz würdeg Manéier gemaach. Si hat de grousse Courage, eis dat direkt ze soen an et net ze verstoppen." Fir hir Mamm wier et déi gréisste Péng gewiescht, deenen zwee Kanner den Doud vun hirem Papp matzedeelen.

D'Eléonore Dées de Sterio huet virun 20 Joer hire Papp beim Zuchaccident zu Zoufftgen verluer.
D'Eléonore Dées de Sterio huet virun 20 Joer hire Papp beim Zuchaccident zu Zoufftgen verluer.
© Tim Morizet

Eng Famill, där hiert Liewen op d'Kopp gestallt gouf

Beim Accident zu Zoufftgen, kuerz hannert der Lëtzebuerger Grenz, waren zwee Zich frontal zesummegestouss. Sechs Leit koumen ëm d'Liewen.

Fir d'Famill vum Eléonore huet nom Accident en neien Alldag ugefaangen. "Mir waren allen dräi ganz traumatiséiert an d'Liewe war ni méi wéi virdrun", erzielt si. Hir Mamm hätt alles gemaach, fir hir Duechteren ze schützen.

Ee bis zwee Joer nom Accident huet d'Famill decidéiert, Lëtzebuerg ze verloossen an a Frankräich ze plënneren. "Et war ganz, ganz haart, hei ze bleiwen", erënnert sech d'Eléonore. Nieft den Erënnerungen un hire Papp wier och den Ëmgang vu verschiddene Leit mat der Famill schwéier ze erdroe gewiescht.

D'Eléonore Dées de Sterio huet virun 20 Joer hire Papp beim Zuchaccident zu Zoufftgen verluer.
D'Eléonore Dées de Sterio huet virun 20 Joer hire Papp beim Zuchaccident zu Zoufftgen verluer.
© Tim Morizet

Haart Kritik un der Ënnerstëtzung vun den CFL

Besonnesch kritesch kuckt d'Eléonore op d'Reaktioune vun den CFL an den Autoritéiten an den éischten Deeg nom Accident zeréck. "Zënter dem 11. Oktober 2006 huet eis Famill ni eppes vun den CFL héieren", seet si. D'Famill hätt weder e Bäileedsbréif kritt, nach wier si op fréier Gedenkzeremonien invitéiert ginn.

Och bei der psychologescher Betreiung hätt et grouss Defiziter ginn. "Op der Tëlee gouf iwwerall gesot, datt psychologesch Hëllef fir d'Familljen do wier. Mee bei eis war keen do."

Eng Frëndin vun hirer Mamm hätt iwwerall ugeruff, fir Hëllef fir déi zwee Kanner ze organiséieren. Schlussendlech wier iwwert de Maréchal vum Grand-Duc e Kontakt mam Familljeministère zustane komm.

Eréischt fënnef Deeg nom Accident wier de Regierungsconseiller Mill Majerus bei d'Famill komm. "Hie war deen Eenzegen, deen eiser Famill gehollef huet", erzielt d'Eléonore. Hien hätt hir Mamm ënner anerem bei administrative Schrëtt begleet.

"Zefridde kënne mer ni sinn"

Och déi geriichtlech Opaarbechtung huet d'Famill iwwer Jore begleet. Hir Mamm hätt probéiert, d'Kanner esou gutt wéi méiglech dovun ofzeschiermen.

"Eis Mamm huet eis komplett vum Prozess geschützt. Si huet alles mam Affekot gemaach", erzielt d'Eléonore. Den Affekot hätt d'Famill ni am Stach gelooss, och wann d'Prozedur iwwer zéng Joer gedauert hätt.

"Ech si frou, datt de Prozess elo fäerdeg ass. Dat war wichteg fir eis Famill. Mee zefridde kënne mer ni sinn."

Fir d'éischte Kéier selwer d'Initiativ ergraff

Den 20. Joresdag vum Accident huet fir d'Eléonore eng besonnesch Bedeitung. "Haut verstinn ech, datt ech mech net méi schumme muss. An datt ech mech net méi verstoppe muss."

Am Januar huet si sech mat engem Bréif bei der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gemellt, fir eng gemeinsam Gedenkzeremonie unzestoussen.

"Ech wollt net, datt mer nach eng Kéier net invitéiert ginn. Ech hu mer gesot: Wann déi näischt maachen, da maachen ech eppes."

Dëst Joer wier den Ëmgang vun den CFL mat de Familljen awer däitlech anescht gewiescht. "D'CFL hunn hir Engagementer geéiert an eis Wënsch respektéiert", betount si. Esouguer den Zuchverkéier wier wärend der Zeremonie ënnerbrach ginn, fir datt am Monument keng Zich ze héiere waren.

Fir d'Eléonore war et e wichtege Schrëtt. Si huet un der Zeremonie deelgeholl an eng Ried gehalen. Hir Mamm war, respektiv wollt, net dobäi sinn. D'Famill hat virdrun eng privat Gedenkzeremonie organiséiert.

Zwanzeg Joer nom Doud vun hirem Papp bleift de Verloscht en Deel vun hirem Alldag.

"De Schmerz ass nach ëmmer sou staark wéi an der éischter Minutt", reflektéiert d'Eléonor. "Trauer ass e Moyen, mat deem sech d'Léift ausdréckt. Mir liewen domat, zanter 20 Joer, all Dag."

Back to Top
CIM LOGO