
Wann déi schottesch Dammennationalekipp en Dënschdeg de Playoff-Retourmatch fir déi nächst Weltmeeschterschaft spillt, dierfen hir Fans fir déi éischte Kéier zanter 45 Joer rëm am Stadion Alkohol drénken. Déi schottesch Federatioun huet d'Initiativ fir den Heemmatch géint Tschechien zu Paisley als "e weidere Schratt no vir" bezeechent. Zil wier, "z'ënnersichen, wéi e kontrolléierten Ëmgang mam Verkaf vun Alkohol zu engem positiven a sécheren Erliefnis am Stadion bäidroe kann".
Et wäert déi éischte Kéier zanter 1981 sinn, datt Futtballfans a Schottland bei engem Profimatch mat Bléck op den Terrain Alkohol wäerten dierfen drénken. Laang Jore war dat verbuede gewiescht, just an den Hospitality-Beräicher huet dierfe gedronk ginn. E puer Veräiner haten an der Lescht Fanzonë getest, an deenen de Verkaf vun Alkohol baussent de Stadionen erlaabt war. Zu Aberdeen war zum Beispill virun de Matcher "mat geréngem Risiko" an enger Hal virum Stadion Alkohol verkaaft ginn.