Entschiedegunge fir WënzerFeierbakterie op dräi ënnerschiddleche Plazen op der Musel fonnt

Samantha Weber
An de Gemenge Gréiwemaacher a Mäertert gouf op dräi Plazen d'Feierbakterie nogewisen. Wënzer, deenen hir Riewen elo mussen zerstéiert ginn, sollen entschiedegt ginn.
Vun der Feierbakterie betraffe Planze mussen zerstéiert ginn.
© René Pfeiffer

Wéi de Landwirtschaftsministère matdeelt, gouf op dräi Plazen op der Musel zu Lëtzebuerg d'Bakterie Xylella fastidiosa, och Feierbakterie genannt, festgestallt. E Méindeg den 12. Oktober 2026 kruten déi zoustänneg Autoritéiten dräi positiv Resultater vu verschiddene Laboe fir Prouwen, déi op dräi ënnerschiddleche Plazen an de Gemenge Mäertert a Gréiwemaacher geholl goufen.

Kee Risk fir Consommateuren

De Ministère preziséiert, datt d'Bakterie net op Mënschen oder Déieren iwwerdro ka ginn an et och keen Afloss op d'Lëtzebuerger Wäiner géif ginn.

Xylella fastidios ass eng Bakterie, déi sëllege Planzenaarte befält, dorënner och Wäiriewen, déi doduerch ausdréchnen an ofstierwen. D'Bakterie gëtt haaptsächlech duerch Insekten iwwerdroen, déi sech vum Saaft vun de Planzen ernären, souwéi duerch den Transport vu Planze, déi befall sinn.

Nieft Lëtzebuerg goufen an der EU schonn Ausbréch an Italien, Frankräich, Spuenien a Portugal gemellt. Verschidden Ausbréch, ënnert anerem an der Regioun Madrid an an der Algarve, konnten agedämmt ginn.

Mesuren, fir Ausbreedung ze verhënneren

Fir datt sech d'Bakterie net weider verbreet, hunn d'Lëtzebuerger Autoritéiten d'Planzen ofgegrenzt a wäerten déi betraffe Planzen identifizéieren an zerstéieren. A Pufferzonen, déi an de Gemenge Rouspert-Mompech, Mäertert, Manternach, Gréiwemaacher, Biwer a Wuermer leien, gëtt d'Situatioun mat Prouwen an Analysen iwwerwaacht. Donieft ginn och d'Insekte bekämpft, déi d'Feierbakterie iwwerdroen an et gëtt verbueden, Planzen, déi méiglecherweis infizéiert sinn, ze transportéieren.

Och an Däitschland géingen déi selwecht Mesurë geholl ginn.

Ënnerstëtzung fir Wënzer

Déi betraffe Wënzer kréien eng Entschiedegung. D'Modalitéiten dovu géingen hinne matgedeelt ginn, schreift de Ministère weider.

Wënzer, déi méi Informatioune brauchen oder e Verdacht hunn, datt d'Bakterie op hire Parzelle virkënnt, kënne sech beim Institut viti-vinicole (IVV) ënnert der Nummer 23 612 1 oder per Mail u viticulture@ivv.etat.lu mellen.

Opruff un Awunner a Betriber

Fir d'Bakterie auszerotten, wier et wichteg, datt d'Awunner an d'Betriber mat den Autoritéiten zesumme schaffen a sech u follgend Virschrëften halen:

  • Keng Planzen oder planzlecht Material, dat infizéiert kéint sinn, aus ofgegrenzte Gebidder transportéieren.
    Hei eng Lëscht vu potentielle Planzen.
  • Am Zweiwelsfall sech beim Planzeschutzdéngscht ASTA mellen
  • Planze mat Symptomer oder Verdacht op eng Infektioun den zoustännege Servicer IVV oder ASTA mellen
  • D'Instruktioune vun de Kontrollekippen an den Autoritéiten anhalen

Weider nëtzlech Informatiounen zu der Feierbakterie fannt Dir um Site vum Landwirtschaftsministère.

Dat ganzt Schreiwes vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO