Futtball: Women's Champions LeagueRacing trëfft an der 2. Qualifikatiounsronn op den HJK Helsinki

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg sinn d'Géigner fir de Racing an der 2. Qualifikatiounsronn vun der Champions League bekannt ginn. An enger méiglecher Finall waart Sarajevo oder Eindhoven.
© RTL (Archiv)

Wéi e Mëttwoch bekannt gi war, mussen d'Damme vum Racing net, sou wéi et bis elo ëmmer de Fall war, an der éischter Ronn vun der Champions-League-Qualifikatioun untrieden. Den Doublé-Gewënner dierf dogéint direkt am zweeten Tour starten, deen och am Format vun engem klengen Turnéier mat véier Ekippe gespillt gëtt.

Bei der Auslousung en Donneschdeg ass bekannt ginn, datt et fir d'éischt géint de finnesche Rekordmeeschter HJK Helsinki geet. Am Fall vun engem Weiderkomme waart dann de Gewënner vun der Partie SFK Sarajevo géint PSV Eindhoven.

D'1/2-Finalle vum Mini-Turnéier sinn de 5. August an d'Finall respektiv de Match ëm déi drëtt Plaz wier dann den 8. August. Just de Gewënner vum Turnéier kënnt an déi nächst Ronn. Wou gespillt gëtt, soll réischt e Freideg decidéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO