Et ass den Dram vu ville klenge Bouwen a sécherlech och sou munche klenge Meedercher, fir Futtball-Profi ze ginn. Um Terrain stoen mat de Beschte vun de Beschten an dofir bezuelt ze ginn. Eng Karriär, déi awer och gepräägt ass vu Leeschtung. Wéi gutt packt een déi alldeeglech kierperlech an och mental Belaaschtung?
Den Edvin Muratovic spillt fir eis Nationalekipp an hie spillt als Stiermer zanter Ufank vum Joer bei engem Club a Litauen. E Liewen, wou een ni weess, wou een als nächst higeet. Mir waren hie besichen.