"Du waars dat Eenzegt, dat ni opgehalen huet, drun ze gleewen"Yan Diomandé vu Côte d'Ivoire mat emotionalem Message un doudeg Schwëster

Jeff Birsens
Am Alter vu 15 Joer ass d'Schwëster vum Yan Diomandé gestuerwen. No sengem éischte WM-Match huet hie sech elo mat engem emotionale Message op Instagram u si geriicht.
De Yan Diomandé bei sengem WM-Debut géint Ecuador.
© Photo by RODOLFO BUHRER / AGIF / AGIF VIA AFP

De Yan Diomandé ass mat der Côte d'Ivoire e Méindeg bei senger éischter Futtball-WM ugetrueden. Op Instagram huet den 19 Joer alen Offensivspiller vun RB Leipzig elo an engem emotionale Bäitrag mam Titel "Chère Roxane" e perséinlecht Schicksal gedeelt. Wéi ze liesen ass, krut seng Schwëster Roxane am Alter vun nëmme 15 Joer op enger Party eppes an d'Gedrénks gemëscht an ass doropshi gestuerwen.

Fir de jonken Ivorer en immens schwéiere Schicksalsschlag, sou war seng Schwëster fir hien "dat Eenzegt, dat ni opgehalen huet, drun ze gleewen". Rieds ass hei wuel vum Yan Diomandé sengem groussen Dram, säi Land op enger WM ze representéieren. Ze gesinn ass de jonke Yan ufanks nach an engem Trikot vum Ronaldo, deem säin Numm hie warscheinlech selwer hannen op de Réck geschriwwen huet. E puer Biller weider da gesäit een d'Foto vun him bei sengem éischte WM-Match, mat der Ausso: "Mir hunn et gepackt. Alles wat s de gesot hues, ass wouer ginn."

Eleng beim WM-Debut ass et fir de Yan Diomandé awer net bliwwen. D'Côte d'Ivoire konnt sech donieft nämlech mat 1:0 géint Ecuador duerchsetzen an huet domat gutt Chancen, datt de WM-Dram vum klenge Yan a senger Schwëster Roxane och no der Gruppephas weider gelieft ka ginn.

Back to Top
CIM LOGO