Ob 6. Liga an England oder 5. Liga an DäitschlandBei der Futtball-WM spillen net nëmmen déi grouss Staren

Charlie Stone
RTL Today iwwersat vun RTL.lu
D'WM ass de wuel prestigiéisten Turnéier, deen et am Futtball gëtt. Et spillen awer net nëmme Staren do, ma och Spiller aus méi niddregen an onbekannte Championnater.
Cape Verde's goalkeeper #01 Vozinha celebrates at the end of the 2026 World Cup Group H football match between Spain and Cape Verde at the Atlanta Stadium in Atlanta on June 15, 2026.
De kapverdianesche Golkipp Vozinha no senger exzellenter Leeschtung beim 0:0 géint Spuenien.
© AFP

Wann een déi ganz politesch Turbulenze ronderëm d’Weltmeeschterschaft ignoréiert, ginn et hei trotzdeem ëmmer och nach schéi Geschichten. Sou wéi déi vum kapverdianesche Golkipp Vozinha, dee scho 40 Joer al an eréischt mat 25 Profi ginn ass, a géint den aktuellen Europameeschter Spuenien kee Gol kasséiert huet. Duerch seng exzeptionell Leeschtung huet hien iwwer Nuecht bal 8 Milliounen nei Follower op de soziale Medie kritt. Eppes, wat säi Liewe komplett geännert huet. Hie spillt beim portugiseschen Zweetligist Chaves an huet schonn a Länner wéi Angola, Zypern, Moldawien a Slowakei gespillt.

D’WM ass déi wuel prestigiéiste Competitioun am Futtball. Ënner anerem och well se neierdéngs op 48 Ekippen ausgebaut gouf, kréien deels och Spiller vu klenge Veräiner, déi normalerweis just virun 1.000 Leit spillen, d’Chance, an engem Stadion mat iwwer 80.000 Spectateuren opzelafen. Natierlech ass et subjektiv, d’Ligen aus verschiddene Länner ze vergläichen, trotzdeem falen eng Rei Spiller op, déi an engem relativ niddrege Championnat spillen.

Zwee Spiller kéinten den "Titel" vum Spiller mam niddregsten Niveau op der Weltmeeschterschaft fir sech reklaméieren: Den Tommy Smith aus Neiséiland an den Josue Duverger aus Haiti. Den Éischten ass Defenseur bei der Ekipp vu Braintree Town, déi d’lescht Joer an d'National League South ofgestigen ass, déi sechshéchst Liga am englesche Futtball. Den Zweeten ass Golkipp beim FC Cosmos Koblenz an der fënnefter däitscher Liga, just annerhallef Stonn mam Auto vu Lëtzebuerg fort.

Wann de Josue Duverger géint Brasilien opgestallt gëtt, steet hien Champions League-, engleschen a spuenesche Champione géigeniwwer, fir nëmmen e puer ze nennen. Och wann de Grupp vun Neiséiland net grad esou staark ass, spillt de Smith géint Leit wéi de Kevin De Bruyne, Jeremy Doku a Romelu Lukaku fir d'Belsch.

Donieft ginn et nach eng ganz Rei weider Spiller, déi an ënneschte Ligen op der ganzer Welt spillen. Sou beispillsweis de Carl-Fred Sainthe aus Haiti an den Eloy Room aus Curaçao, déi allenzwee an der USL Championship (2. Liga an den USA) fir El Paso Locomotive a Miami FC spillen. Och de Leandro Bacuna (Curaçao) an de Ryan Mendes (Cap Vert) vum Igidir F.K. an der zweeter tierkescher Liga oder den Dominique Simon vun Haiti, dee fir Tatran Presov an der zweeter slowakescher Liga spillt, kann dobäi genannt ginn.

Donieft spillt d’Majoritéit vun den Ekippen aus Usbekistan, Panama a Jordanien an den héchste jeeweilegen nationale Championnater, wat warscheinlech engem änlechen Niveau entsprécht wéi déi ënnescht Ligen an deene bekannte Futtballlänner. Dozou gehéieren och Spiller wéi de Ben Waine (Port Vale) an de Matt Garbett (Peterborough) aus Neiséiland, oder den Ar 'Jany Martha vu Curaçao (Rotherham United), déi an der drëtter oder véierter englescher Liga spillen.

Nach méi déif huet bei der WM 2006 an Däitschland de Richmond Forson gespillt. Hie war deemools fir Togo nominéiert an hat zu där Zäit bei der Ekipp Vendée Poiré sur Vie an der 7. franséischer Liga gespillt.

Nieft all de Staren, déi d'WM zu deem prestigiéisen Turnéier maachen deen en ass, sinn et awer och déi méi "kleng" Spiller, déi ëmmer nees fir schéi Geschichte suergen an d'WM eeben och sou speziell maachen.

Back to Top
CIM LOGO