Champions LeagueSaka schéisst d'Gunners an d'Finall, Arsenal wënnt 1:0

Steven Milbert
En Dënschdeg den Owend waren den FC Arsenal an den Atlético Madrid am Kader vun de Retourmatcher vun der Champions-League-Halleffinall am Asaz an hu sech ëm den éischte Billjee fir d'Final gestridden.
© Adrian Dennis / AFP

Nodeems béid Formatioune sech am Allersmatch virun enger Woch mat engem 1:1-Gläichspill getrennt hunn, war fir béid Ekippen am Retourmatch nach alles dran. An enger éischter Hallschent, an där Chancë rar geseent waren, sollt et de Gunners vun Arsenal kuerz virum Pausentéi geléngen, fir mat 1:0 an Avance ze goen. An der zweeter Hallschent huet Arsenal de Match dunn iwwert wäit Strecke kontrolléiert, soudatt kee weidere Gol méi fale sollte. Arsenal setzt sech deemno mat 1:0 géint den Atlético duerch an zitt domadder an d'Finall vun der Champions League an.

Den Detail vum Match mam Gol am Video

FC Arsenal - Atlético Madrid 1:0
1:0 Saka (45')

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Arsenal an Atlético
An engem enke Match ka sech Arsenal mat 1:0 behaapten

D'Spectateuren zu London kruten eng relativ verhalen Ufanksphas vu béide Formatioune gebueden. Et huet sech seelen eppes virun de Goler ofgespillt. Dëst well béid Formatiounen am Ufank net all ze vill riskéiere wollten an et hinnen allerdéngs och an den decisive Momenter un der néideger Präzisioun gefeelt huet. Wa béid Ekippen et probéiert hunn, da war et meeschtens iwwert Distanzschëss. Mä weder den Alvarez an der 8. Minutt op Säite vum Atlético, nach de Gabriel an der 20. Minutt fir d'Gunners konnten hir Schëss am géigneresche Gol ënnerbréngen. Déi wuel geféierlechsten Occasioun an der Ufanksphas ass op de Kont vun de Gäscht gaangen. Allerdéngs huet et sech dobäi och net ëm eng rausgespillte Goloccasioun gehandelt. No engem Gewurschtels am Strofraum vun de Gunners ass de Simeone un de Ball komm, deen aus kierzter Distanz probéiert huet, fir de Ball am Gol vum Raya ënnerzebréngen. Allerdéngs huet de Rice, de Mëttelfeld-Acteur vun Arsenal, sech an de Ball geworf a konnt dësen in Extremis an de Corner deviéieren. Op der anerer Säit huet de Rice dunn an der 35. Minutt säi Gléck probéiert. Mä och säin Distanzschoss konnt deviéiert ginn, soudatt en keng Gefor fir den Oblak am Gol vum Atlético duergestallt huet.

Déi meescht Spectateuren hate sech wuel schonns op en 0:0 zur Hallschent agestallt, do sollt um Enn awer nach e Gol falen. An der 45. Minutt gouf de Gyökeres duerch eng schéi Kombinatioun op der Säit fräigespillt a konnt de Ball op den zweete Potto flanken, wou den Trossard op de Ball gelauert huet. Dësen huet de Ball kuerz kontrolléiert, e Crochet geschloen an dunn ofgezunn. Säi placéierte Schoss konnt den Oblak zwar paréieren, mä net festhalen. Den Ofpraller sollt dunn an de Féiss vum Saka landen, dee keng Problemer hat, fir den zweete Ball aus kuerzer Distanz am Filet ënnerzebréngen an domadder de Score op 1:0 ze stellen. Kuerz drop huet den däitschen Arbitter déi éischt Hallschent ofgepaff, soudatt d'Gunners mat enger 1:0-Avance an d'Kabinne geschéckt goufen.

Den 1:0 fir Arsenal
An der 45. Minutt konnt de Saka seng Faarwen a Féierung bréngen

Nom Téi huet den Atlético den Drock direkt erhéicht a sech e puer Golactioune kreéiert. Esou ass an der 51. Minutt de Simeone fräi virum Raya opgedaucht an konnt de Ball um Arsenal-Golkipp laanscht leeën. Allerdéngs ass de Gabriel matgelaf a konnt den Ugräifer vun de Spuenier am leschte Moment decisiv stéieren, soudatt dëse bei sengem Schoss gehënnert gouf an de Ball um Enn net verwäerte konnt. Kuerz drop huet de Bam nees am Strofraum vun de Gunners gebrannt, mä op en Neits konnten d'Defenseure vun den Englänner d'Situatioun entschäerfen. Du gouf bannent enger Minutt ganzer sechs Mol gewiesselt, wat d'Vitess aus dem Match geholl huet.

An der 66. Minutt sinn d'Gunners fir déi éischte Kéier an der zweeter Hallschent geféierlech ginn, mä de schweedeschen Nationalspiller Gyökeres huet bei sengem sate Schoss de Gol just ëm Millimeter verfeelt. Gléck fir Atlético a Pech fir Arsenal, den Oblak wier beim Volley wuel ouni Chance gewiescht. Arsenal ass duerch de White an de Gyökeres weider zu e puer Chancë komm, wougéint den Atlético an där Phas vum Match nëmme seelen Akzenter am Stuerm setze konnt. Kuerz dorops ass d'Schlussphas vum Match ugebrach. An där hunn d'Gäscht aus Spuenien den Drock nees liicht erhéicht, mä dëst sollt keng Friichten droen. Dem Llorente säi Schoss an der 80. Minutt war op der enger Säit ze schwaach an huet de Raya viru keng gréisser Problemer gestallt. An op der anerer Säit huet de Sörloth de Ball bei engem séiere Konter an der 86. Minutt net kontrolléiere kënnen, soudatt eng u sech gutt Occasioun am Sand verlaf ass. Et ass deemno net vill zesummekomm bei de Männer vum Diego Simeone. D'Spuenier sollten also näischt méi um Resultat ännere kënnen, soudatt si no 90 Minutte mat 0:1 de Kierzere géint Arsenal zéien an domadder den Dram vun enger Champions-League-Finall fir si op en Enn geet.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO