
Den Direktiounscomité vum FC Déifferdeng hätt dës Decisioun getraff, och d’Zesummenaarbecht mat den Assistenzcoachen Carlos Fançony an Ali Oudini gëtt gestoppt, heescht et en Donneschdeg de Moien an engem Communiqué vum Veräin. D’Entscheedung wier zesumme getraff ginn. D’Successioun iwwerhëlt de fréiere Racing-Coach Yannick Kakoko, deen am November zejoert d’Trainerbänk vum Stater Club raume misst. Hie wäert en Donneschdegowend säin éischten Training zu Déifferdeng halen.
De Pedro Silva hat am Juni 2025 d’Successioun als Déifferdeng-Trainer vum Pedro Resende iwwerholl. E Mëttwoch réischt huet Déifferdeng den FC UNA Stroossen aus der Aachtelsfinall vun der Coupe eliminéiert, an der BGL Ligue steet een no 19 Matcher mat 44 Punkten a réischt enger Defaite weiderhin op der 1. Plaz vun der Tabell.