Den Iwwerbléck vum internationale FuttballAacht Goler bei Victoire fir Manchester City, Atlético gewënnt den Derby géint Real

Ben Schlammes
Manchester City gewënnt 5:3 géint Sunderland an Atlético Madrid feiert eng 2:1-Victoire géint Real Madrid.
Manchester City's Norwegian striker #09 Erling Haaland (2L) celebrates with teammates after scoring their fifth goal during the English Premier League football match between Manchester City and Sunderland at the Etihad Stadium in Manchester, north west England, on September 20, 2026. (Photo by PETER POWELL / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
Den Erling Haaland bejubelt mat senger Ekipp eng spektakulär Victoire.
© AFP

Um Sonndeg goufen e puer wichteg Matcher an den internationale Championnater gespillt. Dobäi stoung de groussen Derby zu Madrid am Mëttelpunkt. Déi meeschte Goler sinn beim Match tëscht Manchester City a Sunderland gefall.

Bundesliga

Bayer Leverkusen - RB Leipzig 2:0
1:0 Schick (44'), 2:0 Miguel (58')

Bayer Leverkusen gewënnt verdéngt mat 2:0 géint RB Leipzig. Bis zum 1:0 vum Patrik Schick kuerz virun der Paus war et een ausgeglachene Match, an der zweeter Hallschent war Leverkusen awer déi kloer besser Ekipp a konnt de Score no enger knapper Stonn a Persoun vum Miguel erhéijen. Leipzig bleift domat am Mëttelfeld vun der Tabell hänken, wärend Leverkusen op Plaz fënnef klëmmt.

FC Schalke 04 - SV Elversberg (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Bournemouth - Liverpool 0:1
0:1 Isak (56')

Manchester City - Sunderland 5:3
1:0 Fernandez (8'), 1:1 Brobbey (11'), 2:1 Cherki (28'), 2:2 Brobbey (32'), 3:2 Semenyo (42'), 4:2 Semenyo (56'), 4:3 Brobbey (58'), 5:3 Haaland (80')

Manchester City ass no der spektakulärer 5:3-Victoire géint Sunderland neie Leader an der Premier League. Op den 1:0 vum Enzo Fernandez an den 2:1 vum Rayan Cherki konnt de Brian Brobbey zwee Mol ausgläichen, dem Antoine Semenyo säin Doublé huet dunn awer fir ee Virsprong vun zwee Goler gesuergt. Och wann de Brobbey mat sengem drëtte Gol vum Dag nach eng Kéier op 4:3 verkierze konnt, war spéitstens nom 5:3 vum Erling Haaland all d'Spannung fort.

Fulham - Manchester United (17:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Fiorentina - SSC Neapel 1:1
0:1 Gilmour (22'), 1:1 Jimenez (50')

Neapel kënnt zu Florenz net iwwert een 1:1 eraus an huet domat no fënnef Matcher scho sechs Punkte Réckstand op den Tabelleleader AS Roum. Zur Paus louchen d'Gäscht nach mat 1:0 a Féierung duerch ee Gol vum Billy Gilmour, kuerz nom Säitewiessel konnt den Alex Jimenez awer fir d'Lokalekipp ausgläichen. Fir Florenz ass et ee wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig.

Frosinone - Como 2:0
1:0 Calo (13'), 2:0 Kvernadze (45'+3)

Juventus - Atalanta (18 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Auxerre - Brest 2:1
0:1 Mboup (22'), 1:1 Archer (46'), 2:1 Le Guen (SG, 82')

OGC Nice - Lille (17:15 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Real Madrid 2:1
1:0 Grimaldo (52'), 2:0 David (58'), 2:1 Rüdiger (88')

Den Atlético Madrid setzt sech am Derbi madrileno mat 2:1 géint Real Madrid duerch. De Schlësselmoment vum Match war d'rout Kaart vum Dean Huijsen no engem Foul um Giuliano Simeone (51'). Nodeems de VAR alles iwwerpréift huet, verwandelt den Alejandro Grimaldo den Eelefmeter zur Féierung. Kuerz drop erhéicht de Jonathan David op 2:0. Well den Atlético déi definitiv Entscheedung verpasst, konnt de Rüdiger de Match mat engem Kappball nach eng Kéier spannend maachen an op 2:1 verkierzen. Dobäi sollt et um Enn awer bleiwen.

Deportivo A Coruna - Betis Sevilla (18:30 Auer)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO