Parquet vun NanterrePSG-Profi Achraf Hakimi muss wéinst Vergewaltegungsvirwërf viru Geriicht

AFP, iwwersat vun RTL
Hie soll Ufank 2023 eng 24 Joer jonk Fra vergewaltegt hunn. Dat presuméiert Affer hat bei der Police ausgesot awer ni selwer eng Plainte deposéiert.
Den Achraf Hakimi virum Allersmatch an den Champions-League Playoffs géint den AS Monaco den 17. Februar 2026.
Den Achraf Hakimi virum Allersmatch an den Champions-League Playoffs géint den AS Monaco den 17. Februar 2026.
© MATTHIEU MIRVILLE/DPPI via AFP

De marokkaneschen Nationalspiller a Profi vum PSG Achraf Hakimi muss sech wéinst dem Virworf vun enger Vergewaltegung vun enger jonker Fra viru Geriicht veräntweren. Dat melle verschidde franséisch Medien, dorënner d’AFP a France Info. Si beruffe sech op d’Affekotin vum Spiller, esou wéi och op de Parquet vun Nanterre.

“Haut geet et duer, datt ee beschëllegt gëtt, eng Persoun vergewaltegt ze hunn, fir e Prozess ze rechtfäerdegen, obwuel dat presuméiert Affer an alles anescht weist, datt dëst falsch ass”, esou de Spiller op X. “Ech kucke ganz gelooss op dëse Prozess, well dësen et erméiglecht, datt d’Wourecht un d’Liicht kënnt”, esou de 27 Joer ale Futtballprofi weider.

Him gëtt virgeworf, Ufank 2023 eng 24 Joer jonk Fra vergewaltegt ze hunn. D’Fra hat bei der Police vu Val-de-Marne uginn, datt de Futtballprofi si gekësst an onsëttlech ugepaakt hätt, dat ouni hiren Accord, éier hie si vergewaltegt soll hunn. Si selwer huet awer ni eng Plainte deposéiert. Si hätt de Spiller iwwer Instagram kennegeléiert an hien hätt hir en Auto mat engem Chauffer laanschtgeschéckt, fir si bei hien ze bréngen. Eng Frëndin, déi si per SMS benoriichtegt hätt, wier si du siche komm. Den Hakimi war schonn am Mäerz vun deem Joer ënner Kontroll vun der Justiz gestallt ginn.

E Prozess gouf op Basis vun engem Virworf ordonéiert, dee sech reng op d’Ausso vun enger Fra baséiert. Dës stoung den Ermëttlungen awer am Wee, huet all medezinesch Kontroll oder en DNA-Test refuséiert. Och wollt si hiren Handy net als Beweismëttel den Enquêteuren zu Verfügung stellen oder den Numm vun engem méigleche wichtegen Zeien uginn”, esou d’Affekotin vum Spiller Fanny Colin. Si huet scho gesot, datt si géint dëse Prozess vum Spiller wéilt virgoen.

Sollt hiren Appell net duerchkommen, muss de Spiller sech virun der Cour criminelle vum Departement “Hauts-de-Seine” veräntweren. En Datum vum Prozess steet nach net fest.

Fir säin Trainer Luis Enrique ass d’Saach awer kloer. “D’Affär läit elo an den Hänn vun der Justiz”, huet hie just kuerz op enger Pressekonferenz virum Champions-League-Match géint Monaco gesot. De Club selwer huet op eng Ufro vun der AFP net direkt reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO