No presuméierter rassistescher Beleidegung a SpärGianluca Prestianni ass trotzdeem mat op Madrid gereest

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch muss Benfica Lissabon déi 0:1-Defaite aus dem Allersmatch d'lescht Woch am Champions-League-Playoff auswäerts bei Real Madrid dréinen.
Dëst ass e Symbolbild.
© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

An dat a Begleedung vum Gianluca Prestianni, deen e Méindeg offiziell vun der europäescher Futtballfederatioun UEFA fir d’Retourpartie am Champions-League-Playoff zu Madrid gespaart gouf. Och wann dem Argentinier näischt zu 100 Prozent konnt nogewise ginn, kënnen d’Kontroll-, d’Ethik- an d’Disziplinarkommissioun vun der UEFA eng Spär am Fall vun engem presuméierte Verstouss am Bezuch zu diskriminantem Verhalen ausschwätzen. D’Ënnersichunge lafen aktuell nach.

Benfica Lissabon huet ugekënnegt, géint dës Decisioun an Appell ze goen, och wann dëst näischt un der Spär fir d’Retourpartie zu Madrid dierft änneren. Dat huet de Veräin vum Leandro Barreiro an engem Communiqué op hirem Site matgedeelt.

Am Fall vun enger Verurteelung kéint de Gianluca Prestianni vill méi laang gespaart ginn. Beispillsweis gouf de Luis Suarez 2011 wéinst rassistesche Beleidegunge géintiwwer dem Patrice Evra fir 8 Matcher gespaart an huet eng Geldstrof vun 40.000 Pond misse bezuelen.

De Gianluca Prestianni ass trotz der Spär mat op Madrid gereest. Eng Decisioun, déi nach fir vill Diskussiounen an eng hëtzeg Stëmmung suerge kéint.

Wat war geschitt?

An der 50. Minutt hat de Vinicius Jr Real Madrid am Allersmatch auswäerts zu Lissabon mat engem flotte Sonndesschoss a Féierung bruecht. An der Suite huet de Brasilianer liicht provokativ virum Cornerfändel vun de portugisesche Supporter gefeiert. D’Ambiance gouf direkt méi hëtzeg. De Stiermer vu Real Madrid krut dunn déi giel Kaart. No enger Diskussioun mam Gianluca Prestianni huet sech de Vinicius Jr beim Arbitter wéinst enger presuméierter rassistescher Ausso vum Argentinier beschwéiert. Dat huet den Arbitter no bausse mat engem offizielle Gest vun der FIFA signaliséiert, andeems hie seng Äerm gekräizt huet.

D’Partie war knapp 10 Minutten ënnerbrach. Dem Gianluca Prestianni konnten dës Reprochen awer net nogewisen ginn, well hie sech den Trikot virun de Mond gezunn huet. Nom Match huet de Kylian Mbappé gesot, datt den Argentinier de Vinicius Jr als Af soll bezeechent hunn.

Den 1:0 duerch de Vinicius Jr an Ënnerbriechung no méiglechem Fall vu Rassismus
Nodeems de Vinicius Jr den 1:0 geschoss hat, huet de Brasilianer beim Arbitter eng méiglech rassistesch Ausso vum Gianluca Prestianni vu Benfica reklaméiert.

Back to Top
CIM LOGO