
Den Arbitter Omar Artan aus dem Somalia, dee scho fir seng Leeschtunge Präisser gewonnen huet, wäert bei dëser Weltmeeschterschaft net um Terrain stoen, nodeem d'USA refuséiert hunn, hien an d'Land areesen ze loossen. Dat huet d'FIFA e Méindeg confirméiert.
E Spriecher vum Weltfuttballverband huet confirméiert, datt den Artan, dee vun den US-Autoritéiten um International Airport vu Miami gestoppt gouf an net areesen duerft, kee Match bei dëser Weltmeeschterschaft wäert päifen. Den Omar Artan wier den éischte Arbitter aus Somalia gewiescht, dee bei enger Weltmeeschterschaft an den Asaz komm wier.
"D'FIFA ka confirméieren, datt den Arbitter Omar Abdulkadir Artan am Kader vun der FIFA Futtball WM net wäert kënnen trainéieren oder Matcher leeden, nodeem hie verbuede krut, an d'Vereenegt Staaten anzereesen", esou e Spriecher géintiwwer AFP. Weider heescht et vun der FIFA, datt si d'Decisioun vun den Autoritéiten net beaflosse kënnen. "D'FIFA huet näischt mam Prozess vun der Arees vun de Länner, déi d'WM organiséieren, ze dinn. Dozou gehéiert och d'Ausstelle vun engem Visa. D'Autoritéiten hunn der FIFA matgedeelt, datt de Statut vum Här Artan net wäert geännert ginn".
E Spriecher vun der CBP, déi an den USA fir d'Grenzkontrollen zoustänneg ass, huet matgedeelt, datt den Artan no enger Inspektioun verbuede krut, fir anzereesen. "Wärend dësem Prozess gouf d'Persoun, déi areese wollt, supplementär inspizéiert. Dat ass eng Ënnersichung, bei där d'Agente vum CBS all d'Informatioune kontrolléieren a feststellen, ob een areesen dierf." No där Ënnersichung gouf festgehalen, datt "d'Persoun, déi och en Arbitter bei der Futtball WM ass, d'Krittäre fir d'Arees net erfëllt."
Somalia ass eent vun de Länner, déi vum US-President Donald Trump op déi Lëscht vu Länner, där hir Bierger net an d'USA dierfe reesen, gesat gouf.
"Trotz den Ëmstänn sinn ech gudder Déng a fokusséiere mech op déi nächst Aufgaben a menger Karriär als Arbitter", sot den Omar Artan géintiwwer der AFP. "Ech wëll der Futtball-Famill Merci soe fir hir Messagen an ech wënsche menge Kolleegen nëmmen dat Bescht wärend dëser Weltmeeschterschaft. Ech freeë mech awer drop, nees bei den nächste Kompetitioune bei si ze stoussen."