24 Matcher, dovunner 23 Victoiren, ee Remis a keng Defaite. Donieft 162 Goler markéiert an nëmmen 10 kasséiert. National ginn engem u sech d'Superlative fir d'Damme vum Stater Racing aus. Ma och international konnt d'Ekipp vun der Trainerin Elodie Martins an der Champions-League-Qualifikatioun hir Stäerkten ënner Beweis stellen. Wat ass dann d'Geheimrezept fir de Stater Succès?
Elodie Martins, Trainerin vum Stater Racing: "Et gëtt kee Geheimnis, et muss ee schaffen. Et ass wichteg e Grupp ze hunn, dee lieft. Natierlech och eise Staff, deen d'Damme gutt encadréiert. Alles dat spillt beim Succès eng Roll."
Marta Estevez Garcia: "Wéi ee gesäit, si mir e Grupp vu Frëndinnen, déi zesummenhalen, déi eis och bausse gutt verstinn. Um Terrain versti mir eis gutt. Dat ass wichteg an esou gewënnt een och. Ech sinn am Summer zeréckkomm an ech mengen, besser konnte si mech net empfaangen. Mir hunn Champions-League-Qualifikatioun doheem gespillt, do si mir een Tour weiderkomm. Am zweeten Tour si mir onglécklech erausgaangen a mir hunn de Championnat gewonnen. Elo wëlle mir nach d'Coupe gewannen, ech menge besser konnt et net lafen."
Nieft dem Marta Estevez Garcia si mam Andreia Machado, dem Ana Barbosa an dem Caroline Jorge am Summer nach weider Lëtzebuerger Nationalspillerinnen op de Verluerekascht gewiesselt. Sécherlech och ee Grond, firwat de Stater Fusiounsveräin e flotte Parcours an der Champions-League-Qualifikatioun gespillt huet. An der zweeter Ronn gouf een zwar eliminéiert, trotzdeem sinn déi Victoirë géint AEK Athen an den FC Riga hänke bliwwen. Dovun profitéiert och d'Federatioun.
Carine Nardecchia, FLF-Responsabel fir den Dammefuttball: "Fir eis ass et immens wichteg, well et ass fir eis eng Vitrinn fir den Dammefussball. Ech mengen e staarke Champion, deen eis am Ausland gutt ka vertrieden, weist jo awer wéi gutt datt zu Lëtzebuerg an de Clibb geschafft gëtt."
Elodie Martins, Trainerin vum Stater Racing: "Mir spille keng Champions League, fir näischt ze probéieren. Mir probéieren all Joer an deene Matcher, déi enorm flott ze spillen a fir ze coache sinn, eng gutt Leeschtung ze bréngen. Mir probéieren all Joer en Tick méi erauszehuelen, mee dat maache mir schonn zanter 7 bis 8 Joer."
Duerch Goler vum Sophie Quatrana, dem Célia Rigaud, dem Coraline Corplet an dem Zoé Teixeira konnt sech de Stater Racing um leschte Spilldag e Samschdeg doheem géint Hesper 4:0 behaapten. Duerno konnt gefeiert ginn. Am nationalen Dammefuttball falen ëmmer rëm déi däitlech Resultater am Championnat op. D'Schéier vu deenen Ekippen uewen zu deenen ënnen ass riseg. Fir den Ecart méi kleng ginn ze loossen, musse längerfristeg Léisunge fonnt ginn.
Carine Nardecchia, FLF-Responsabel fir den Dammefuttball: "Et ass relativ schwiereg, eng Iddi wär d'Ligue op 8 ze reduzéieren, mee natierlech si mir do op d'Clibb ugewisen, ob déi dat wëlle matdroen oder net. Mee dat ass zanter Joren esou, dofir si mir scho vun 12 op 10 gaangen an et bleift awer nach ëmmer dee selwechte Problem. (...) Ech proposéieren et elo nach eng Kéier, mee mir mussen eis do mat de Clibb zesummesetzen an da kucke mer wéi d'Echoe sinn."
D'Saison am Lëtzebuerger Dammefuttball ass awer nach net eriwwer. Den nächste Méindeg steet d'Coupe-Finall um Programm. Zu Stroossen kritt et de Stater Racing mam Vizechampion Déifferdeng ze dinn. Donieft spillt déi Lëtzebuerger Nationalekipp de 5. an den 9. Juni hir lescht zwee Matcher an der WM-Qualifikatioun géint d'Belsch. An do wëlle sech d'Rout Léiwinne beschtméiglech verkafen.
Marta Estevez Garcia: "Mir wëssen, et gi ganz schwéier Matcher. Ech mengen d'Belsch wäert do och wëllen alles ginn, well si soss net Éischte ginn am Grupp. Wa mir awer kompakt defensiv gutt stinn an zesummenhalen an am Block verdeedegen, wéi mer dat schonn an de Frëndschaftsmatcher géint si gemaach hunn, kënne mir awer e gutt Gesicht weisen."
E Freideg de Moien ëm 11 Auer annoncéiert den Nationaltrainer-Duo Zirbes/Correia de Kader fir déi zwee Matcher géint eis belsch Noperen.