Wéinst ICEMataarbechter am SoFi Stadium kéinte kuerz virun der WM streiken

RTL mat AFP
Sollten d'ICE-Agente bei der Futtball WM an den Asaz kommen, wëllen d'Mataarbechter vum WM-Stadion zu Los Angeles an de Streik trieden.
Den demokratesche Politiker Tom Steyer protestéiert zesumme mat de Mataarbechter vum SoFi Stadium géint méiglech ICE-Asätz bei der Futtball WM.
Den demokratesche Politiker Tom Steyer protestéiert zesumme mat de Mataarbechter vum SoFi Stadium géint méiglech ICE-Asätz bei der Futtball WM.
© JUSTIN SULLIVAN/Getty Images via AFP

D'Gewerkschaft UNITE HERE Local 11 vertrëtt ronn 2.000 Salariéen aus der Gastronomie an dem Beräich vum Encadrement vun de Gäscht. No Ausso vun de Mataarbechter géif eng Presenz vun ICE e Klima vun Angscht schafen, souwuel fir si selwer wéi och fir d'Fans.

"ICE soll keng Roll bei dëse Spiller hunn", sot den Isaac Martinez, e Kach am Stadion, bei enger Protestaktioun virum Gebai. "Mir wëllen net an Angscht liewen, wa mir op d'Aarbecht kommen, oder Angscht hunn, festgehale ze ginn, wa mir heem ginn." De Martinez, deen am Numm vun der ganzer Aarbechtskraaft geschwat huet, déi haaptsächlech aus dem Personal besteet, wat Iessen a Gedrénks am Stadion verkeeft, huet kloer gemaach: "Wa mir keng Eenegung fannen, si meng Kolleegen an ech prett ze streiken".

ICE steet am Mëttelpunkt vun der haarder Immigratiounspolitik vum President Donald Trump. Mënscherechtsorganisatiounen hunn d'Aart a Weis, wéi d'Agence bei Razzien a verschiddenen US-Stied virgeet, verurteelt. Ufanks 2026 hunn ICE-Agenten zu Minneapolis zwee amerikanesch Demonstranten erschoss a si waren och 2025 zu Los Angeles bei ville Razzien am Asaz.

Mataarbechter am SoFi Stadium kéinte kuerz virun der WM streiken
Sollten d'ICE-Agente bei der Futtball WM an den Asaz kommen, wëllen d'Mataarbechter vum WM-Stadion zu Los Angeles an de Streik trieden.

E Méindeg hunn d'Mataarbechter och Suergen iwwer de Prozess vun der Akkreditéierung vun der FIFA geäussert. Fir den Tournoi, dee vum 11. Juni bis den 19. Juli an den USA, Kanada a Mexiko ofgehale gëtt, mussen d'Mataarbechter am Viraus perséinlech Donnéeë virleeën. D'Aarbechterin Yolanda Fierro huet gefuerdert, datt d'FIFA dës Informatiounen net un ICE, un auslännesch Länner, oder u Geheimdéngschter weidergëtt.

Bei der Protestaktioun, wou Demonstrante mat Bäll a Schëlder mam Slogan "Kick ICE Out of the World Cup" virum Stadion stoungen, hunn d'Mataarbechter och prominent Ënnerstëtzung vum Tom Steyer kritt. De Milliardär an Ëmweltaktivist wëll fir d'Demokraten an d'Course goen, fir de Poste vum kalifornesche Gouverneur ze iwwerhuelen. Hie sot, d'Mandat vun ICE wier d'Grenzkontroll. Wat dat mat der Fussball-Weltmeeschterschaft ze dinn hätt, misst ee sech froen. Fir hien ass d'Äntwert hei awer kloer: "Näischt". Weider kritiséiert de Politiker och d'Agence op d'Schäerfst. "Wéi ass et méiglech, datt dëst d'Agence ass, déi hei wäert sinn, wa mir tatsächlech wëssen, datt si eng absolut Menace, eng Menace, déi sech net un d'Gesetz hält an eng Menace fir d'Aarbechter a Kalifornien ass."

Back to Top
CIM LOGO