Dat gouf et och nach net zu Lëtzebuerg. E Samschdeg ass um Kierchbierg e Mann tëscht zwee Héichhaiser hin an hier spadséiert. Op enger Slackline.
Den Archie Williams huet wärend der Corona-Zäit a Manchester mat Slackline ugefaang. Sport dobausse war deemools eng vun de wéinege Méiglechkeeten, fir Frënn ze gesinn. Haut mécht hien et haaptberufflech a gehéiert zur Weltspëtzt. Mat Succès bei internationale Competitioune wéi a China d’lescht Joer.
Insgesamt ass hien anëscht den zwee Héichhaiser op der Place de l’Europe um Kierchbierg 4 km gelaf. Fir den Archie Williams war et net just wéint der Héicht e besonnesche Moment. De Fils vun engleschen Elteren ass zu Lëtzebuerg op d’Welt komm.
Mat dobäi waren ënnert anerem och seng 3 Kolleegen, déi och Slackliner sinn. 2 ware fir seng Sécherheet verantwortlech an en huet e Video mat enger Drone gemaach. Den Archie an de Hugo wunnen aktuell zesummen a Griicheland. Beim Opbau hate si awer och vun engem externen Team hëllef
Nervös war hie kuerz virdrun net. Hien hat just Angscht, dass den Event géif an d’Waasser falen, wéinst dem Wieder. 10 Minutten huet et vum Wieder hier och schlecht ausgesinn.
“Highline ass fir mech e Sport vu Fräiheet” sot hien am Interview
Mëttlerweil ass den Archie mat senge Slackline-Optrëtter op der ganzer Welt ënnerwee. No Lëtzebuerg geet et elo fir eng Dokumentatioun an Island. Eng grouss Erausfuerderung a sengem Beruff ass et ëmmer rëm, Sponsoren ze fannen. Duerno wëllt hien op d’Weltmeeschterschaft a Brasilie reesen, sicht dofir awer nach Sponsoren. E speziellen Alldag, dee sécher net fir jiddereen ass.