
Fir déi éischte Kéier an 22 Joer huet sech Arsenal London den englesche Championstitel geséchert. Well den Tabellenzweete Manchester City bei Bournemouth nëmmen 1:1 gespillt huet, ass de Gunners den Titel net méi ze huelen.
Arsenal geet e Sonndeg mat véier Punkte Virsprong an de leschte Match géint Crystal Palace a ka sechs Deeg virun der Champions-League-Finall géint de PSG fräi opspillen.
Déi leschte Kéier war Arsenal 2004 Champion gewiescht, wéi se als "Invincibles" déi ganz Saison kee Match verluer haten.