Gewerkschaften a Patronat reagéieren op Ried zur Lag vun der Natioun“D’Sozialpartner musse Léisunge fir d’Kris fannen”

Carine Lemmer
Marlène Clement
D'Ried zur Lag vun der Natioun stoung am Schied vun der Tripartite. Dowéinst gouf et keng nei Annoncen an déi grouss aktuell Theme wäerten dann an der Tripartite op den Dësch kommen an hoffentlech Léisunge fonnt ginn, sou huet d’Nora Back, OGBL-Presidentin a vun der Union syndicale d’Ried kommentéiert.
© RTL
Ried zu Lag vun der Natioun: “D’Sozialpartner musse Léisunge fir d’Kris fannen”
D'Ried zur Lag vun der Natioun stoung am Schied vun der Tripartite.

Natierlech hätten d’Gewerkschafte gären nach eppes Positives zum Mindestloun héieren an och eppes zu de Grenzgänger, déi all Dag an d’Land schaffe kommen, huet d’Nora Back bedauert.

“Wat eis wierklech feelt, dat ass, dass et de gesamten État de la Nation ass, ouni dass eemol d'Frontalieren ugeschwat gi sinn, dass eemol d'Groussregioun u sech an d'Politik an der Groussregioun ugeschwat ginn ass. Et ass awer e Problem. Mir hunn am Moment wierklech en Attraktivitéitsproblem. Et sinn ëmmer manner Frontalieren, déi wëllen op Lëtzebuerg schaffe kommen. Mir sinn awer drop ugewisen.”

D'Gewerkschaftsunioun huet also d'Frontalieren an der Ried vermësst, mä d'Annoncen zur Santé huet den LCGB-President Patrick Dury awer begréisst...

Dat, wat positiv haut war, dat ass, dass de Premier ganz kloer gesot huet, dass d'Konventioun tëscht der CNS an der AMMD muss ënnerschriwwe ginn, dass d'Regierung keng Zwouklassemedezin wëll, dass se fir d'Konventioun steet. Dat berouegt eis an deem Sënn.”

 D'Mesurë goufen detailléiert opgezielt, mä si gräifen nach net a ginn net wäit genuch, sot dann de Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP. D'Staatsbeamtegewerkschaft hätt d'Ried och léiwer méi spéit gehat.

“Duerfir hu mir och gefrot oder et méi sënnvoll fonnt, dass den État de la nation reportéiert gi wier no d'Tripartite -Sitzungen. Ech mengen, da wier méi Substanz an der Ried dra gewiescht. Et muss een awer och zegutthalen, dass dat Soziaalt sech awer wéi e roude Fuedem duerch déi Ried do gezunn huet, wat ze appreciéieren ass. An déi nächst Woche muss d'Regierung nach net emol weisen, wéi eescht et hir och domat gemengt ass.”

Déi wichteg aktuell Theme fir d'Betriber an d'Leit wäerten an der Tripartite diskutéiert ginn, huet och den UEL-President Michel Reckinger gemengt.

“Ech mengen, dat ass dat, wou mer mussen alleguerten an do huet e jo och op d'Responsabilitéit vun de Sozialpartner higewisen, an dat fannen ech richteg. Mir sinn an engem ganz schwéieren Ëmfeld. Et soll net alles schwaarz molen, mee et ass awer definitiv net einfach. An Zukunft wäert komplizéiert ginn. Ech mengen, dat alles huet e gesot a beschriwwen. An elo musse mer just déi richteg Léisunge fannen, fir dass Betriber an d'Leit och duerch déi Kris kommen.”

D'Erwaardungen un d'Tripartite sinn do. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB bleiwen derbäi, datt Kafkraaft an Aarbechtsplazsécherheet missten diskutéiert ginn.

Fir de Michel Reckinger, President vun der UEL, ass den Dossier Mindestloun u sech zou. D'Regierung hätt jo gesot, et wär den Ament kee Sputt bei de Betriber do. Mä villäicht hätt se aner Iddien. Virun 3 Joer hätt een och Saache "fir déi kleng Leit" gemaach.

Back to Top
CIM LOGO