E Mëttwoch den Owend kënnt et ëm 20:30 Auer fir den Ofschloss vum 3. Spilldag vun der AXA League bei den Hären zum Duell tëscht dem HC Bierchem an de Red Boys Déifferdeng. Dëse Match kënnt Dir live am Stream op RTL.lu suivéieren.
E Samschdeg hat sech Bierchem duerch eng Victoire géint Sutjeska fir déi 2. Ronn an der Coupe d'Europe qualifizéiert. Um Sonndeg konnten dann och d'Red Boys trotz enger Defaite géint GRK Tikves nozéien.