HandballDen Alexandre Scheubel an d'FLH gi getrennte Weeër

Serge Olmo
Aus dem Handball ass et d'Nouvelle, datt den 'Directeur Technique National' Alexandre Scheubel an d’Handballfederatioun an Zukunft getrennte Weeër ginn.
© AFP (Archiv)

Wat de Poste vum Nationaltrainer ugeet, ass den Didier Dinart den Haaptkandidat, fir neie Lëtzebuerger Nationaltrainer ze ginn.

Den 49 Joer ale Fransous, deen als Spiller dräimol Weltmeeschter gouf, souwéi als Trainer eemol an als Spiller zweemol Gold bei Olympia krut, ass och gewëllt, de Poste vum Lëtzebuerger Nationaltrainer unzehuelen. Et mussen nach déi lescht Detailer gekläert ginn.

Hei kënnt Dir Iech d'Commentairë vum Dr. Romain Schockmel, President vun der FLH, iwwert den Alexandre Scheubel, den Didier Dinart an den Tommy Wirtz unhéieren. Den Tommy Wirtz hat viru ronn zwou Wochen aus dem Conseil d'Administration vun der Federatioun demissionéiert.

Romain Schockmel zum Alexandre Scheubel

Romain Schockmel zum Kontakt mam Didier Dinart

Romain Schockmel zu der Persoun Didier Dinart

Romain Schockmel zum Tommy Wirtz

Back to Top
CIM LOGO