Lëtzebuerger Handballer am AuslandLuke Kaysen mat Kornwestheim Champion an der 3. Liga Süd

Yannick Glod
Schonn dräi Spilldeeg viru Schluss konnt d'Ekipp vum Nationalspiller den Titel feieren. De Luke Kaysen a säin Trainer hunn hir Andréck vun der Saison mat RTL gedeelt.
De L
De Luke Kaysen am Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.
© Fernand Schmitz / RTL Archiv

Zënter dem 18. Abrëll stoung fest, dass Kornwestheim net méi vun der éischter Plaz an der Südstaffel vun der drëtter däitscher Liga ze verdrängen ass. Déi ganz Saison konnt ee suivéieren, dass den SV Salamander Kornwestheim voll am Jus wär. Scho fréi an der Saison konnten d'"Lurchis", wéi de Veräi genannt gëtt, déi éischt Plaz anhuelen. E Samschdeg hu si d'Saison 2025/26 mat enger Victoire géint Konstanz ofgeschloss an insgesamt 50:10 Punkte gesammelt. De Lëtzebuerger Nationalspiller Luke Kaysen, deen Ufank der Saison an d'Géigend vu Stuttgart gewiesselt war, huet e groussen Undeel um Erfolleg.

Fir den 20 Joer jonke Kaysen war et "eng ganz nei Situatioun" beim neie Veräin an hien huet sech nei musse beweisen, fir Spillzäit ze kréien. Dass de Lëtzebuerger sech gutt integréiert hätt, huet och säin Trainer Alexander Schurr géintiwwer RTL confirméiert. Duerch d'Verletzung vum Spillmaacher Jan Reusch hätt de Kaysen, Spëtznumm an der Ekipp "Felge", méi fréi wéi geduecht vill Spillzäit kritt an dës Verantwortung och mat Bravour gemeeschtert. Den Trainer attestéiert him "e groussen Undeel um Erfolleg vun der Ekipp". An dat an enger Liga mat staarker Konkurrenz.

D'Saison hat fir Kornwestheim net gutt ugefaangen, mee vun Oktober bis Mäerz blouf een ongeschloen, an dat mat Victoirë géint staark Géigner wéi Konstanz oder Würzburg, de fréiere Veräi vum Ex-Nationalspiller Tommy Wirtz. Dës Serie huet si un d'Tabellespëtzt bruecht. An enger Liga, an där "jidderee géint jidderee gewanne kann", wéi de Luke Kaysen sot, huet seng Ekipp trotz Réckstand Matcher "als Kollektiv gedréint" kritt. Hien huet och betount, dass et fir d'Ekipp "onerwaart war, dass mir do uewe sinn". Eng Plaz ënnert den Topp 5 war d'Zilsetzung gewiescht.

Och wann d'Ekipp aus der Metropolregioun Stuttgart d'Meeschterschaft elo sécher huet, huet den Trainer Schurr nach kleng Ziler mat der Ekipp. Och de leschte Match géint Konstanz soll gewonne ginn, fir eng super Saison ofzeschléissen. Leider hat den SV Kornwestheim scho virun e puer Wochen decidéiert, dass een net un der Opstigsronn fir an d'2. Bundesliga deelhuele géif. Finanziell a logistesch Grënn (méi wäit Reesen, Ufuerderungen un d'Hal asw.) hunn den Ausschlag fir dës Decisioun ginn.

De Luke Kaysen huet am Februar säi Vertrag bei Kornwestheim ëm eng Saison verlängert. Säin Trainer ass der Meenung, dass de Sportzaldot do "gutt opgehuewen ass" an hie sech an engem optimalen Ëmfeld "weider positiv entwéckele soll". Op déi nächst Saison bléckend wäert et eng genee esou ausgeglach Liga gi wéi dës Saison, mengt den Alexander Schurr. Mee et wéilt een op en Neits u seng "Leeschtungslimitt" goen. Do kéint et zu engem Lëtzebuerger Duell tëscht dem Luke Kaysen an dem Fanou Ulmerich, deen an der zweeter Ekipp vu Balingen-Weilstetten spille wäert, kommen.

An der nächster Saison kéint virun der Lëtzebuerger Hausdier och nees 2-Liga-Handball gespillt ginn. D'HG Saarlouis steet an der Opstigsronn fir an d'Zweet Liga, muss sech do awer nach ee vun deenen zwee Tickete sécheren. Et kéint also dozou kommen, dass de Loïc Kaysen nächst Saison mam TV Großwallstadt am Saarland spillt.

Am Nowuessberäich kéint e weidere Lëtzebuerger däitsche Meeschter ginn. De Luke Dumont steet mat der B-Jugend (U17) vum THW Kiel an der Finall an trëfft do op d'Füchse Berlin. Am éischte Match um Samschdeg konnt Kiel Berlin dat éischt Gläichspill an der Saison ofknäppen an huet nom 36:36 eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch, deen de 14. Mee zu Kiel ass.

Back to Top
CIM LOGO