EHF European Cup bei Dammen an Hären ausgeloustFir den HB Diddeleng geet et op Thessaloniki bei den A.C. PAOK

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie gouf am Handball déi éischt Ronn vum EHF European Cup bei den Hären an déi zweet Ronn bei den Dammen ausgeloust.
© EHF Home of Handball / Youtube (Screenshot)

EHF European Cup - 1. Ronn

Bei den Häre geet et am fir den HB Diddeleng op eng interessant Rees op Thessaloniki bei den A.C. PAOK, den HC Bierchem spillt géint den MRK Sutjeska aus Montenegro a fir den Handball Esch geet et géint de GRK Tikves 2014 aus Nordmazedonien. D'Matcher ginn op de Weekender vum 12./13. an 19./20. September gespillt. Déifferdeng ass scho fir den zweeten Tour qualifizéiert.

© EHF Home of Handball / Youtube (Screenshot)

EHF European Cup Women - 2. Ronn

Bei den Damme spillt den HB Diddeleng géint H71 vun de Färöer Inselen an d'Red Boys Déifferdeng si géint Levalea 2010 aus Montenegro gefuerdert. Käerjeng huet seng Participatiouun dës Saison aus finanzielle Grënn ofgesot. D'Damme starten direkt mam 2. Tour, wou 54 Ekippen ëm den Titel kämpfen. D'Matcher hei ginn op de Weekender vum 3./4. an 10./11. Oktober gespillt.

© EHF Home of Handball / Youtube (Screenshot)

Back to Top
CIM LOGO