Kongress vun der FLHAn Zukunft besser Zesummenaarbecht mat Veräiner, Diskussioune bei Upassunge vu Statutten a Reglementer

Cliff Block
E Samschdeg de Moie war zu Osper de Kongress vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun, dee vum Handballclub Atert Réiden organiséiert gouf. Dëst fir de 55. Anniversaire vum Veräin.
© Cliff Block

An dësem Sënn huet de President vum Veräin Romain Birchen an och de Buergermeeschter vun Réiden, den Henri Gerekens, d'Leit häerzlech begréisst.

De President vun der FLH Dr. Romain Schockmel huet am Ufank vum Kongress e puer Wierder un d'Veräiner geriicht an annoncéiert, fir an Zukunft nach besser mat de Clibb zesummenzeschaffen. Des Weideren huet hie präziséiert, dass mam Nina Kanto bei den Dammen a mam Didier Dinart bei den Hären op den Nationaltrainer-Poste wichteg Leit rekrutéiert goufen, fir de Lëtzebuerger Handball weider no vir ze bréngen.

An engem 12-Punkte-Plang huet sech den CA vun der FLH verschidde Virsätz geholl, wéi ënnert anerem méi visibel an de Medien ze sinn, d'Finanzen nach besser ze geréieren an den Handball hei zu Lëtzebuerg méi ze professionaliséieren. An dësem Sënn huet een och wëlles, eng "Handball-Akademie" opzebauen.

D'Sportministesch Martine Hansen huet sech entschëllege gelooss. Den COSL-Präsident Michel Knepper huet um Enn vum Kongress d'Wuert ergraff an e puer Wierder un d'Veräiner geriicht.

Déi eenzel Aktivitéits- a Finanzrapporte vum leschte Joer goufe präsentéiert an och ugeholl. Den Denis Weinquin huet am Numm vun den Arbittere betount, dass een op dësem Punkt grouss Efforte musse gemaach ginn an d'Clibb dozou opgeruff, an den eegene Reie méi Reklamm fir den Arbitrage ze maachen. Den Alexandre Scheubel huet och um Kongress deelgeholl a säin zoustännege Rapport präsentéiert, obwuel sech d'Weeër mat der FLH trennen. A sengem Schlusssaz huet hien der FLH an dem Lëtzebuerger Handball alles Guddes gewënscht, wat vun de Clibb mat Bäifall ënnerstëtzt gouf.

Gréisser Diskussioun gouf et bei den Upassunge vun de Statutten a Reglementer, wou d'Federatioun léiwer en ausseruerdentleche Kongress aberuff hätt. Schlussendlech gouf op Drock vun de Veräiner de Vott awer duerchgezunn. Ze notéiere bleift nach, dass déi Responsabel vum CHEV Dikrech net um Kongress deelgeholl hunn an och am Virfeld ofgemellt waren.

Well keng Demande fir deen nächste Kongress virlouch, gouf dës Fro u Veräiner am Sall gestallt. An dësem Sënn huet sech de Stater Veräin HC Standard gemellt, deen am nächste Joer säi 60. Bestoe feiert. Deemno wäert déi nächst Assemblée générale zu Bouneweg organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO