Beach-HandballDéifferdeng a Standard sinn éischt offiziell Championen am Beach-Handball

Serge Olmo
RTL Lëtzebuerg
Wéinst den extreem héijen Temperaturen an dem Réckzuch vun e puer Ekippe goufe souwuel den Horaire wéi och d'Kompetitioun ugepasst.
Beach-Handball-Championnat 2026
Déifferdeng an de Standard duerfte sech iwwer de Championstitel freeën.

E Samschdeg den Owend goufen am Kader vum traditionelle Beach-Handball-Turnéier vum HC Standard fir d'éischt déi offiziell Beach-Handball-Championstitele vun der Handballfederatioun verdeelt. Wéinst den extreem héijen Temperature gouf fir d'éischt den Horaire adaptéiert, wéinst dem spontane Réckzuch vun dräi Dammenekippen (Diddeleng, Dikrech a Réiden) musst och de Programm ugepasst ginn.

Beach-Handball ass am Prinzip ëmmer spektakulär. Et gëtt buerféiss gespillt. D'Reegele sinn natierlech anerer wéi am klasseschen Handball, haaptsächlech ginn d'Goler, déi aus der Dréiung oder vum Golkipp markéiert ginn, als zwee Punkte gewäert. Normal Schëss gëlle just fir ee Punkt.

Um Site vum Stade Boy Konen zu Zéisseng sinn d'Damme vun der Red Boys Déifferdeng Champion ginn, bei den Hären ass et d'Lokalekipp vum HC Standard. D'Federatioun hat gehofft, dass d'Ekippe mat enger Rei Titulairen aus der Hal untriede géifen, dat war awer net bei all Ekipp de Fall.

Déi Déifferdenger Red Boys ware mat engem gudden Deel vun hire beschte Spillerinnen op Zéisseng komm a konnten all Match gewannen. An der decisiver Partie war et eng 24:21 Victoire géint de Museldall.

Bei den Häre koum et schlussendlech zu enger Finall tëscht der Lokalekipp HC Standard an dem aktuelle Champion Red Boys Déifferdeng. Bei de Red Boys huet virun allem den Nationalgolkipp Guillaume Felici erausgestach mat senge Paraden, mee d'Lokalekipp ronderëm de Luca Kremer konnt sech 28 :25 behaapten no enger spannender Finall a konnt sech deemno als éischte Beach-Handball Champion an de Palmarès androen.

Et ass och net utopesch, datt no dëser éischter offizieller Meeschterschaft déi nächst Joren eventuell eng Beach-Handball-Nationalekipp, souwuel bei den Häre wéi den Dammen, an d'Liewe geruff kéint ginn.

Back to Top
CIM LOGO