
Bannent zwee Deeg hunn zwee lëtzebuergesch Nationalspiller en neie Spillpabeier fir d’nächst Saison ënnerschriwwen. De Loïc Kaysen, dee bis elo an der drëtter däitscher Liga beim Longericher SC (Ekipp vu Köln) gespillt huet, wiesselt am Summer 2026 bei den TV Großwallstadt. Domat spillt nees e Lëtzebuerger op ganz héijem Niveau mat.
Fir de Réckraumspiller war Großwallstadt de Wonschveräin, och well de Loïc Kaysen do am Alter vu 15 Joer säin éischte Prouftraining absolvéiert hat, wéi dem Pressecommuniqué vum Veräin ze enthuelen ass. Großwallstadt spillt aktuell an der zweeter däitscher Bundesliga a steet am Moment am Mëttelfeld. No ville Jore mat finanzielle Suergen an dem Kampf géint den Ofstig wëll den TVG, iwwer deen et och eng interessant Dokumentatioun op YouTube gëtt, an den nächste Joren uewen ugräifen.
Den TVG ass e groussen Numm am däitschen Handball mat enger grousser Geschicht an engem gutt gefëllte Palmarès. D’Ekipp aus Nordbayern (bei Aschaffenburg) gouf sechs Mol däitsche Meeschter, véier Mol déi national Coupe a konnt och zwee Mol den ale Format vun der Champions League gewannen. Déi Titele leien awer schonn e puer Joerzéngten zeréck. 2022 hat den aktuellen Nationaltrainer Maik Handschke den Interim iwwerholl, wéi Großwallstadt am Ofstigskampf war. An de leschte Matcher konnt d’Eroffalen an d’drëtt Liga verhënnert ginn.

Den 19. Februar hat den SV Kornwestheim scho matgedeelt, dass de Luke Kaysen, dem Loïc säi méi jonke Brudder, säi Vertrag beim Tabelleleader aus der 3. Liga ëm ee Joer verlängere géif. Den 20 Joer ale Lëtzebuerger krut duerch den Ausfall vun engem Matspiller nach méi Spillzäit a konnt sech esou profiléieren. Ausserdeem géif d’Teamchemie stëmmen, wat seng Entscheedung fir eng Verlängerung zimmlech einfach gemaach hätt, gëtt de Luke Kaysen op der Homepage vu Kornwestheim zitéiert.
D’Gebridder Kaysen waren 2018 déi éischt Lëtzebuerger, déi op eng Handballakademie an Däitschland gewiesselt waren. Beim VfL Gummersbach, engem Traditiounsveräin aus dem däitschen Handball, hu si d’Jugendekippen duerchlaf a sech spéider anere Veräiner ugeschloss. Beim Luke Kaysen war dat den TSV Dormagen, wou och den aktuellen Diddelenger Trainer Dusko Bilanovic aktiv war, a bei sengem Brudder Loïc goung et no der Zäit zu Gummersbach bei d’HSG Krefeld an duerno bei de Longericher SC, och wéinst Studiegrënn.