
Dat no senger rouder Kaart wéinst engem haarde Foul an der leschter Partie vun der EM-Quali a Liechtenstein. D’FLF geet awer an Appell.
Déi zwou Partië Spär sinn op den éischte Bléck haart, well d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp jo am Mäerz an zwee Play-Off-Matcher vun der Nations League sech nach fir d’Europameeschterschaft am Summer an Däitschland kéint qualifizéieren. Op den zweete Bléck si se fir den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz aus engem anere Grond och nach ëmmer haart:
Zemools wann ee sech déi Aktioun nach emol ukuckt an ech hu mer se mehrfach nach emol ugekuckt a wat fir mech relevant ass, ass, datt den Danel a Ballbesëtz war, e stéisst sech de Ball ee Moment e bësse wäit, mécht e laange Schrëtt an da kënnt de géigneresche Spiller, natierlech gesäit et schlëmm aus, wann ee just d’Bild kuckt, wou en de géigneresche Fouss geréit, mä do war awer keng Absicht do, fir e Foulspill ze maachen. Mir wäerten an Appell goen.
Virun allem wäert am Appell eng gewëssen Terminologie bei der Argumentatioun eng wichteg Roll spillen, fir d’Spär ze reduzéieren:
Da kann ee Foulspill zeréckbehalen, wat mat engem Match sanktionéiert géif ginn, e brutaalt Foulspill gëtt mat 2 Matcher sanktionéiert.
Datt den Danel Sinani fir déi éischt Partie an de Playoffs den 21. Mäerz a Georgien géint d’Lokalekipp gespaart ass, doru ginn et kaum Zweiwel am Fall vun enger Victoire kéim et dann de 26. Mäerz am Stade de Luxembourg zu der decisiver Partie géint Griicheland respektiv Kasachstan fir bei der Europameeschterschaft bei eisen däitschen Noperen dobäi ze sinn an do hoffen dann alleguerten d’Supporter vun de Roude Léiwen, datt de Profi vu Sankt Pauli och dobäi kéint sinn, also souwuel an der Finall vun der Nations League Division C, wéi och duerno bei der EM.