Nidderaanwen: Bau vun nationalem Schéissstand huet ugefaang

An d'Gemeng Nidderanven kënnt en neie Schéissstand. De Bauherr ass den Centser Club. Déi éischt Baggere rulle schonn um "Bloebierg".
De Bau vun engem Schéissstand an der Gemeng Nidderanven ass e Projet, dee scho fir vill Gestreids gesuergt huet. De fréieren DP-Politiker Emile Kalmes hat mat enger Biergerinitiativ versicht, dass de Schéissstand net gebaut gëtt. De Buergermeeschter vu Nidderanven Raymond Weydert seet, dass de Schéissstand elo op de Bloebierg kënnt. Well senger Meenung no, mécht et kee Sënn dogéint ze sinn. Well de Schéissstand wier fir kee geféierlech an och punkto Kaméidi gëtt et kee Grond, fir sech de Kapp ze zerbriechen.
D'Presidentin vun der Lëtzebuerger Schéissfederatioun Claudia Dall'Agnol huet ons géintiwwer och nach gesot, dass si sech mam Centser Club zesummesetze fir ze kucken, ob net och verschidden national an och international Kompetitioune vun der Federatioun um Bloebierg iwwert d'Bühn ginn.