An deene leschten Deeg gouf an der spezialiséierter Sportspresse vill iwwer déi synthetesch Footballsterraine geschwat, déi kéinte kriibserreegend sinn.

A Länner, wéi zum Beispill  an Holland, si schonn zejoert eng Rei Terraine frëschgemaach ginn, fir kee gesondheetlechen Risk anzegoen. Virun allem déi Beleeg vun der éischter Generatioun si viséiert. Do gouf nach vill mat Granulé geschafft, deen zum Deel aus ale Pneue gewonne gouf, wou verschidde chemesch a gëfteg Materialien dra waren, déi ongesond fir de Mënsch kënne sinn.

Zejoert scho gouf et eng parlamentaresch Fro, déi no der Situatioun zu Lëtzebuerg gefrot huet.