Um 7. Spilldag am Handball-Championnat gewënnt den HBD e Samschdeg mat 28:23 géint Péiteng. Bei den Damme gewënnt Käerjeng 38:19 géint Schëffleng.

Diddeleng ass géint Péiteng senger Favoritteroll gerecht ginn a gewënnt no enger konzentréierter Leeschtung mat 28:23. Déi éischt 15 Minutte war d'Partie nach equilibréiert, hei stoung et 6:6 tëscht béide Formatiounen. Duerno konnt d'Lokalequipe sech awer e Virsprong erausspillen a loung an der Paus mat 15:9 a Féierung. No 49 Minutte konnt Péiteng de Réckstand op 3 Goaler verkierzen, méi no huet Diddeleng se awer net erukomme gelooss. Den HBD gewënnt no 60 Minutte mat 28:23. Den HBD steet elo nees un der Spëtzt vun der Tabell.

Déi zweet Partie e Samschdeg den Owend war och eng kloer Affär. Bierchem setzt sech zu Dikrech mat 42:16 duerch. No 30 Minutte loung ee scho mat 17:10 a Féierung.

Am Handball-Championnat ass et de Weekend en deziméierte 7. Spilldag, dat well d'Red Boys a Käerjeng de Weekend am Challenge Cup am Asaz sinn.

Dammen-Handball

Am Dammechampionnat waren et e Samschdeg den Owend 2 Partië vum 7. Spilldag. De Chev Dikrech an de Museldall gi mat engem 23:23 auserneen. An der Paus hat sech Dikrech eng Avance vu 4 Goaler erausgespillt an et stoung 12:8. No 40 Minutte war de Virsprong op 6 Punkten ugewuess, ma d'Lokalequipe konnt de Virsprong bis zum Schluss net geréieren. De Museldall konnt 6 Minutte viru Schluss op 21:21 ausgläichen. Déi lescht Minutte waren du ganz spannend an 23 Sekonne viru Schluss konnt de Champion mat 23:22 a Féierung goen. Dem Chev Dikrech ass 8 Sekonne viru Schluss nach den Ausgläich gelongen.

Fir Käerjeng gouf et déi erwaart kloer Victoire géint Schëffleng. Si setze sech mat 38:19 duerch a bleiwe weider souverän un der Spëtzt vun der Tabell. Si hunn eng Avance vun 3 Punkten op Dikrech, der 4 op Diddeleng an der 5 op de Museldall.

E Freideg hat de Standart 31:22 géint d'Red Boys gewonnen.