Am nationalen Handballchampionnat stoungen en Donneschdeg den Owend bei den Hären an den Damme Partië vum 8. Spilldag um Programm.

An enger virgezunner Partie vum 8. Spilldag war et bei den Hären déi erwaart kloer Affär tëscht de Red Boys Déifferdeng an dem Chev Dikrech. No 60 Minutte gewënnt Déifferdeng mat 44:24. An der Paus loung ee scho mat 20:7 a Féierung.

De 15. November hat Esch scho fir de Kont vum 8. Spilldag mat 30:27 géint Bierchem gewonnen. Déi zwou weider Partië vum Spilldag ginn e Samschdeg gespillt. Diddeleng kritt et mat Schëffleng ze dinn a Käerjeng huet Péiteng op Besuch.

Bei den Damme waren et en Donneschdeg den Owend zwou Partië fir de Kont vum 8. Spilldag. De Standard klappt de Museldall mat 29:27. No den éischten 30 Minutte loung d'Lokalequipe mat 15:14 géint de Champion a Féierung. No 36 Minutte war et den Damme vum Museldall gelonge mat 17:16 a Féierung ze goen. Duerno ass de Standard allerdéngs nees laanscht gezunn an hat sech no 49 Minutten eng Avance vu 4 Goaler erausgespillt. Dëse Virsprong konnt ee bis zum Schluss geréieren an d'Partie um Enn mat 29:27 gewannen.

An der zweeter Partie gouf et eng kloer 13:32-Defaite fir d'Damme vun Déifferdeng géint de Chev Dikrech. D'Gäscht loungen an der Paus scho mat 19:6 a Féierung.

En Dënschdeg hat sech schonn Diddeleng mat 28:12 géint Schëffleng behaapt.