Bierchem war Gaascht zu Diddeleng an d'Red Boys vun Déifferdeng kruten et mat Käerjeng ze dinn.

Hären

An der éischter Halschent war et e ganze enke Match tëscht deenen zwou Equippen. Bierchem huet ëmmer nees probéiert sech ofzesëtzen mee Diddeleng huet se net zéie gelooss sou dat et mat engem 15:16 an d'Paus gaangen. An der zweeter Halschent huet Bierchem et dann awer gepackt sech ofzesëtzen a gewannen schlussendlech dann awer däitlech 34:25.

VIDEO: Handball: Diddeleng-Bierchem
Um Samschdeg huet sech den HB Diddeleng doheem kloer mat 25 op 34 géint den HC Bierchem musse geschloe ginn.

Den zweete Match tëscht de Red Boys a Käerjeng war am Géigendeel awer bis zum Schluss spannend. Mat engem Remis (14:14) sinn béid Equippen an d'Paus gaangen. An der zweeter Halschent konnte sech d'Red Boys e liichte Virdeel verschafen a gewannen mat 34:32 géint d'Gäscht vu Käerjeng.

Am Match tëscht den zwee leschten an der Tabell, ka sech Péiteng mat 30:25 (16:11) géint Dikrech duerchsetzen. Am véierte Match gewënnt den HB Esch doheem ganz däitlech mat 41:18 (19:9) géint Schëffleng.

RTL

© Serge Olmo

Dammen

Bei den Dammen gouf et um Samschdeg zwou däitlech Affären. Den HB Diddeleng gewënnt mat 32:13 (13:8) géint den HB Museldall an d'Red Boys verléieren mat 21:28 (8:13) doheem géint Käerjeng.