Ze vill Sport kann d'Häerz schiedegen. Allerdéngs schéngt dat net am gläiche Moos fir Fraen ze gëllen, ewéi fir Männer.

Männer sinn enger neier Etüd vun der Uniklinik Eppendorf no méi ufälleg fir Häerzproblemer duerch extremen Ausdauersport ewéi Fraen. Zu dem Resultat sinn Doktere komm, nodeems si Triathleten ënnersicht hunn, déi op d'mannst 10 Stonne Sport d'Woch gemaach hunn.

Vun der männlecher Sportler-Grupp hate 17% kleng Vernarbungen um Häerz, déi en Zeeche fir Häerzmuskelentzündungen si kënnen. Dës Resultater gouf et bei der Grupp vun de Sportlerinnen net.

Firwat dat esou ass, ass allerdéngs nach onkloer. D'Dokteren huelen awer un, datt dat männlecht Hormon Testosteron eng Roll spillt. Et wier awer och denkbar, datt déi weiblech Athleten sech einfach besser ugeluecht hunn a sech manner iwwerfuerdert hätten.