Sarah de Nutte verléiert géint d'Mouma Das aus Indien

© Screenshot itTV
E Mëttwoch de Moien huet d'Sarah de Nutte och déi zweet Partie an der Gruppephas vun den Hungarian Open gewonnen. Am Nomëtteg gouf et eng Néierlag.
D'Lëtzebuerger Dëschtennisspillerin hat en Dënschdeg schonns déi éischt Partie an der Gruppephas géint d'Leonie Hartbrich aus Ungarn mat 4:2 gewonnen.
Dëschtennis: Hungarian Open: Sarah de Nutte mat liichte Problemer am éischte Match
E Mëttwoch hat d'Lëtzebuergerin et dunn mat der Nummer 212 an der Weltranglëscht, dem Kim Vermaas, ze dinn. D'Hollännerin konnt zu kengem Zäitpunkt vun der Partie mat der Lëtzebuerger Championne mathalen a verléiert deemno kloer mat 0:4 géint d'Spillerin vu Bad Driburg. Den éischte Saz ass kloer mat 11:4 un de Nutte gaangen, den zweete Saz mat 11:6 an den drëtten a véierte Saz geet mat 11:8 un d'Sarah de Nutte.
Domat stoung si an der Tëscheronn a krut et mat der Inderin Mouma Das ze dinn, déi an der Weltranglëscht op Plaz 74 steet an domat 10 Plaze méi schlecht klasséiert ass.
Hei huet d'Lëtzebuergerin sech schwéier gedoen, fir an d'Partie ze kommen, do war si nach ze onsécher an huet ze vill Feeler gemaach, esou dass den éischte Saz dann awer relativ kloer mat 11:6 un d'Inderin gaangen ass. Am zweete Saz war d'de Nutte du bei den eegene Schléi méi sécher, ma d'Lëtzebuergerin huet ëmmer nees probéiert d'Spill mat der Réckhand a vill Spin opzemaachen, ma dëst huet dem Das an d'Kaarte gespillt, well si op d'Spin-Bäll vum de Nutte ëmmer mat engem haarde Géigeschlag kontere konnt. Mat 8:11 huet d'de Nutte och den zweete Saz missen ofginn.
Am drëtte Saz ass et nach ee Stéck besser gaangen, beim Stand vun 10 zu 9 fir d'Lëtzebuergerin hat si also ee Sazball, ma dëse konnt d'Inderin mat engem ganz gléckleche Schlo ofwieren, esou dass et 10:10 stoung. Doropshin huet d'Inderin erëm ee Ball mat vill Ënnerschnëtt op dem de Nutte seng Réckhand gespillt, d'Lëtzebuergerin ass ëmgelaf, fir de Ball mat der Virhand Topspin ze spillen, ma den uschléissende Virhand-Block vun der Inderin war nees ze séier zeréck fir d'Sarah de Nutte. Den uschléissende Punkt goung och un d'Das an domat stoung et 3:0 an de Sätz fir d'Inderin.

© Screenshot itTV
Am 4. Saz louch d'Lëtzebuerger Championne nees séier mat e puer Punkten zeréck, esou dass si en Time-out geholl huet. Dësen huet awer wuel net gehollef, well de Virsprong ass nëmmen nach méi grouss ginn. An dësem Saz war d'Lëtzebuergerin dunn einfach net méi aktiv genuch, huet sech och net méi richteg getraut unzegräifen, esou dass d'Inderin d'Heft an d'Hand geholl huet an esou d'Partie mat 4:0 gewanne konnt.

© Screenshot itTV