Handball
Käerjenger Damme loossen dem Museldall keng Chance

E Sonndeg war nach eng Partie vum nationalen Handball-Championnat bei den Dammen.
D'Damme vu Käerjeng si favoriséiert an d'Partie gaangen, ma an der éischter Hallschent huet d'Equipe vun der Musel nach gutt matgehalen, esou dass et an der Paus nëmmen 12 zu 9 aus Käerjenger Siicht stoung. Ma no der Paus hunn déi Käerjenger du gewisen, wat an hinne stécht. Si konnten hei nämlech een 9:0-Laf realiséieren, fir mat 21 op 9 dovun ze zéien. Domat war d'Partie entscheet a Käerjeng huet e bëssen Tempo erausgeholl, esou wanne si um Enn mat 25 op 18.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck
Am meeschte gelies