E Sonndeg gouf et direkt zweemol d'Partie tëscht Dikrech a Fenteng, eng Kéier bei den Hären an eng Kéier bei den Dammen.

Bei den Häre gouf et eng kloer Victoire fir d'Häre vu Fenteng. Bei den Dammen ass et awer genau ëmgedréint gaangen, do gewannen nämlech d'Damme vun Dikrech kloer 3:0 géint d'Damme vu Fenteng.

Hären

Fenteng war e Sonndeg kloer favoriséiert géint d'Equipe vun Dikrech, ma an der lescht hunn déi Fentenger ëmmer nees Schwächte gewisen, esou dass hei nach näischt verluer war fir d'Lokalequipe vun Dikrech. Den éischte Saz war ganz kloer mat 25 op 17 un d'Gäscht gaangen, ma am zweete Saz hunn déi Dikrecher dunn awer besser dogéint gehalen, ma um Schluss vum Saz huet dat néidegt Gléck gefeelt, esou dass dëse Saz mat 23 op 25 verluer gaangen ass. Am drëtte Saz huet Fenteng dunn d'Entscheedung gesicht an esou wanne si dee Saz mat 25:22 a wannen de Match domat 3:0.

Dammen

D'Damme vun Dikrech hunn de Fentenger Damme vun Ufank u guer keng Chance gelooss a Fenteng ass och guer net an d'Partie komm. Dikrech konnt den éischte Saz mat 25 op 12 gewannen an den zweeten esouguer mat 25 op 9. Am drëtte Saz huet Dikrech dunn alles kloer gemaach an esou wanne si mat 3:0 géint d'Fentenger Dammen.