Handball Esch wënnt zu Dikrech mat 38:25

En Donneschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handballchampionnat nach eng Partie vum 11. Spilldag.
Den Handball Esch hat en Donneschdeg den Owend keng Problemer zu Dikrech. D'Gäscht hu sech fréi an der Partie eng Avance erausgespillt a lounge schonn no gutt 12 Minutte mat 12:4 a Féierung. Bis d'Paus konnt een de Virsprong op 9 Goaler ausbauen an et stoung dunn 20:11.
An der zweeter Hallschent hunn déi Escher hiert Spill weider duerchgezunn. No 39 Minutte stoung et 25:13. Bis zum Schluss hat de Chev Dikrech näischt dogéint ze setzen. D'Tabelleschlussliicht verléiert um Enn mat 25:38.
No 11 Spilldeeg steet Diddeleng mat 18 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Do hannendru kommen d'Red Boys an den HB Esch mat jee 17 Punkten.