E Freideg war am nationalen Handballchampionnat eng Partie vum 12. Spilldag.

Bierchem konnt sech um Freideg mat 34:32 géint Käerjeng behaapten. Béid Equippen hu sech eng enk Partie geliwwert. Bierchem konnt sech am Verlaf vun de 60 Minutten ëmmer nees Féierungen erausspillen, ma Käerjeng huet gebass an ass dru bliwwen. Nodeems et no knapp 15 Minutten 10:6 fir Bierchem stoung, haten d'Gäscht sech bis d'Paus op 16:16 erugekämpft. No der Paus haten d'Gäscht dunn d'Nues vir an et stoung no 36 Minutten 20:17. D'Reaktioun vun den Haushären huet net laang op sech waarde gelooss an no 41 Minutte stoung et nees 22:22. Béid Equippen hu sech elo näischt méi geschenkt an et ass bis zum Schluss spannend bliwwen. No 56 Minutte konnten déi Bierchemer mat 32:31 a Féierung goen an hunn du keen Ausgläich méi zougelooss, sou datt si mat 34:32 gewannen.

Mat dëser Victoire bleift Bierchem an der Tabell am Kontakt mat den Equippen un der Spëtzt. Bierchem huet mat dëser Victoire och gewisen, datt een nach ëmmer ëm den Titel matspillt, sou de Bierchemer Ben Weyer.

AUDIO: Extrait Ben Weyer

Virun der Partie haten déi Käerjenger mam 36 Joer ale Serb Zoran Radocevic een neie Spiller annoncéiert, dëst fir de fréiere franséischen Nationalspiller Audray Tuzolana ze ersetzen, deen de Club verlooss huet.

Um Samschdeg sinn et dann nach d'Partien:

HB Péiteng - HB Esch
Chev Dikrech - HBC Schëffleng
HB Diddeleng- Red Boys

D'Partie tëscht dem Leader Diddeleng kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.