E Samschdeg den Owend war et am Volleyball de leschte Spilldag virum Playoff. Fenteng konnt sech mat 3:1 géint de Champion Stroossen duerchsetzen.

Scho virum leschte Spilldag war kloer, datt Fenteng, Bartreng, Stroossen a Luerenzweiler dës Saison de Championstitel ënnert sech wäerten ausmaachen. Um leschte Spilldag huet sech awer eréischt decidéiert, wie géint wien am Playoff muss untrieden.

Fenteng konnt sech wéi erwaart mat 3:1 (26:24, 25:18, 24:26, 25:18) géint de Champion Stroossen behaapten. Bartreng huet mat 3:0 (25:9, 25:18, 25:15) géint den Tabelleleschten Péiteng gewonnen. Luerenzweiler huet mat 0:3 (16:25, 13:25, 18:25) géint Esch de Kierzere gezunn. An an der leschter Partie huet sech Dikrech no enger enker Partie misse mat 0:3 (33:35, 26:28, 22:25) géint Walfer geschloe ginn.

An der Tabell steet Fenteng un der Spëtzt. Si hunn nach ee Match manner a mussen nach den 31. Januar géint Esch untrieden. Op der zweeter Plaz steet Bartreng. Plazen dräi a véier si fir Stroossen a Luerenzweiler. Am Playoff vum Championnat spillt domadder Fenteng géint Luerenzweiler a Bartreng kritt et mat Stroossen ze dinn.

Dammen

Bei den Dammen huet Stengefort d'Gym mat 3:2 (20:25, 25:20, 25:22, 22:25, 15:11) geklappt. Mamer huet mat 0:3 (19:25, 33:35, 15:25) géint Péiteng de Kierzere gezunn. Fir Stroossen gouf et eng 3:0(26:24, 25:10, 25:13) Victoire géint Fenteng. Dikrech huet mat 0:3 géint Walfer verluer.

Am Playoff spillt Walfer géint d'Gym an Dikrech kritt et mat Stroossen ze dinn.