An der zweeter Partie vum Dënschdeg hat Bierchem zu Schëffleng d'Nues vir.

Ofwiesslungsräich 30 Minutte waren et an der éischter Hallschent tëscht dem Handball Esch an dem Handball Diddeleng. Emol haten déi Escher 1 bis 2 Goaler Avance, emol waren déi Diddelenger knapp am Avantage. Esou richteg ofsetze konnt sech awer keng Equipe, esou datt et an der Paus 14:14 stoung an de Gewënner vun dëser Partie an der zweeter Hallschent huet missen decidéiert ginn.

No der Paus huet Diddeleng da besser an de Match fonnt a si hu sech Stéck fir Stéck konnten ofsetzen. No 48 Minutten hate si en Avantage vu 5 Goaler, dat beim Stand vun 20:25. Ma wann déi Escher fir eppes bekannt sinn, ass et, datt si sech net opginn. Hir Defense stoung stabil an hiren Ugrëff huet markéiert. 5 Minutte viru Schluss hate si op 25:26 verkierzt an dëse Match war alles, mä nach net entscheet. Dono konnt Esch awer 2 gutt Chancen, dorënner e Siwemeter net verwandelen an Diddeleng huet sech nees op 28:25 ofgesat. Do huet och de Goal vum Dany Scholten kuerz viru Schluss net méi vill dru geännert. Esou wënnt den Tabelleleader knapp mat 28:26 zu Esch.

Am zweete Match um Dënschdeg hat Schëffleng den HC Bierchem op Besuch. Hei konnt d'Heemequipe nach bis zu der 20. Minutt mathalen, do stoung et 11:12, ma dono huet Bierchem sech lues a lues ofgesat. Um Enn wënnt de Favorit vum Match kloer mat 41:28.