Kanak Jha a Maki Shiomi wannen Titel

© Screenshot Sportstreaming.lu
E Sonndeg waren an der Coque d'Halleffinallen an d'Finalle vun de World Junior Circuit Finals am Dëschtennis.
Hei konnt bei de Jongen de grousse Favorit aus den USA sech duerchsetzen. De Kanak Jha wënnt d'World Junior Circuit Finals an der Finall géint de Manav Vikash Thakkar aus Indien mat 4:3. Domat ass hien de grousse Gewënner, dat och wann hie schonns an der Gruppephas ee Match verluer hat, dat géint de Youssef Abdel-Aziz aus Egypten, dee spéider an der Halleffinall géint dem Jha säi Finallgéigner verluer hat.

Vu lénks no riets: De Manav Vikash Thakkar, de Kanak Jha, den Denis Ivonin an de Youssef Abdel-Aziz. / © Screenshot Sportstreaming.lu
Déi grouss Titelfavoritin aus Japan, d'Maki Shiomi, wënnt d'World Junior Circuit Finals bei de Meedercher, dat virum Pei-Ling Su. An der Finall hat si keng Problemer fir sech kloer mat 4:0 duerchzesetzen. Déi schwéierst Hürd huet déi jonk Spillerin an der Halleffinall missen iwwerwannen. Hei hat si sech ganz knapps mat 4:3 géint d'Adina Diaconu behaapte konnten.

Vu lénks no riets: Pei-Ling Su, Maki Shiomi, Miyu Nagasaki, Adina Diaconu. / © Screenshot Sportstreaming.lu
RTL-News: D'Gruppephas, d0Trouschtronn an d'Véierelsfinallen am Iwwerbléck
[widget type="sport/sportstreaming/20180204a"]
[widget type="sport/sportstreaming/20180204b"]
Halleffinallen:
Jongen:
Jha Kanak - Denis Ivonin 4:0 (11:3; 12:10; 11:9; 11:8)
De grousse Favorit, de Kanak Jha ass e Sonndeg de Moien op de Russ Denis Ivonin getraff. Vun Ufank un huet den Amerikaner den Toun uginn, mat ganz präzise Bäll a wéinege Feeler konnt hien den éischte Saz mat 11:3 dominéieren. Am zweete Saz ass de Russ besser an d'Partie komm, ma de Jha war nach ëmmer dee bessere Spiller. Hien huet einfach kaum eege Feeler gemaach an huet den Ivonin gezwonge Risiken ze goen, wat allerdéngs net ëmmer geklappt huet. Iwwert déi ganz Partie huet den Ivonin vill fir seng Punkte misse schaffen an all Feeler, deen en dobäi gemaach huet, huet immens wéigedoen. Um Enn séchert de favoriséierte Jha d'Victoire, dat mat 4:0 a steet also an der Finall vun de World Junior Circuit Finals.
Manav Vikash Thakkar - Youssef Abdel-Aziz 4:0 (11:8; 11:8; 11:5; 11:8)
Den Inder Manav Thakkar, dee bis elo souverän duerch d'Turnéier komm war, krut et e Sonndeg de Moie mam Iwwerraschungsspiller aus Egypten ze dinn, mam Youssef Abdel-Aziz. E Sonndeg war et dat awer du mam Mäerche vum Egypter. Hie war iwwert déi ganz Partie komplett ënnerleeën an huet zu kengem Zäitpunkt ee Mëttel fonnt géint de sécher a präzis spillenden Inder. Ënnert dem Stréch ass et eng méi wéi verdéngte 4:0-Victoire fir de Manav Vikash Thakkar, deen domat an der Finall op den Amerikaner Kanak Jha trefft.
Meedercher:
Maki Shiomi - Adina Diaconu 4:3 (8:11; 11:7; 11:9; 5:11; 2:11; 11:8; 11:7)
Mam Adina Diaconu war just nach europäesch Vertriederin ënnert de beschte 4 Spillerinnen a si hat et e Sonndeg de Moie mam Maki Shiomi ze dinn, dat op 1 gesat war. Ma Diaconu huet sech net verstoppt an och net vum aggressive Spillstil vun der Japanerin aschüchtere gelooss an esou konnt si den éischte Saz mat 11:8 gewannen. D'Reaktioun vun der Japanerin huet awer net laang op sech waarde gelooss, d'Shiomi huet an deene laange Ballwiessel d'Iwwerhand behalen a konnt ausgläichen. Am drëtte Saz war et du ganz batter fir d'Diaconu. Beim Stand vun 9:9 hat d'Rumänin zwee Opschléi, ma hei huet d'Shiomi ganz gutt agéiert, fir a Féierung ze goen. Nach war awer keng Entscheedung gefall, well d'Rumänin huet sech zeréck an dës Partie gekämpft an huet d'Shiomi an de Sätz 4 a 5 iwwer wäit Strecken dominéiert, esou dass si mat 3:2 vir war an de Sätz. Um Enn konnt d'Japanerin sech awer mat 4:3 behaapten, dat well d'Diaconu an de leschten zwee Sätz ze wéineg gemaach huet an esou konnt déi grouss Favoritin d'Partie dréien.
Pei-Ling Su - Miyu Nagasaki (11:8; 11:9; 8:11; 11:3; 8:11; 7:11; 11:9)
D'Nagasaki, un Nummer 2 gesat, hat an der Ufanksphas vun der Partie extrem Schwieregkeete mam Su. D'Su huet d'Japanerin ëmmer nees um falsche Fouss erwëscht an huet virun allem och d'Ball ganz gutt verdeelt a war an den entscheedenden Aktiounen einfach besser, esou dass si den éischte Saz wanne konnt an och am zweete Saz wäit vir war. Do ass d'Nagasaki dunn awer wakereg ginn, si huet Punkt fir Punkt opgeholl, mee huet de Saz dunn trotzdeem mat 9:11 missen ofginn. Dee Schwong, dee si zum Enn vum zweete Saz hat, huet si och matgeholl an den drëtte Saz a konnt dësen dunn och gewannen. Ma d'Su huet de Japanerin dëse Schwong nees séier ewechgeholl. Am 4. Saz krut d'Nagasaki kee Fouss op de Buedem an huet de Saz mat 3:11 verluer. An awer war et nach net gedoen, d'Nagasaki huet nämlech zwee weider Sätz gewonnen an esou ass et och hei an de 7. an decisive Saz gaangen. Am leschte Saz war et een Hin an Hir, béid Spillerinne louchen an dësem Saz op d'mannst eng Kéier mat dräi Punkten am Avantage, ma um Enn wënnt d'Pei-Ling Su de Saz mat 11:9 an domat och de Match.
Finallen:
Jongen:
Kanak Jha - Manav Vikash Thakkar 4:3 (9:11; 11:3; 9:11; 11:6; 11:3; 9:11; 11:6)
Et war eng Finallpaarung, mat där ee rechne konnt, dat well den Amerikaner Kanak Jha an den Inder Manav Vikash Thakkar ënnert den éischten dräi op der Setzlëscht stoungen. Schonns am éischte Saz huet ee gesinn, dass dëst eng Partie op Aenhéicht ass. D'Spectateuren am Gymnase vun der Coque krute vill laang a flott Bällwiessel ze gesinn, ma den Takkhar war et awer, deen de liicht bessere Start erwëscht hat. Den éischte Saz konnt hie mat 11:9 fir sech entscheeden. Am zweete Saz war den Amerikaner dunn awer voll do an hie konnt duerch ee méi aggressiivt Spill, vill séier Punkte maachen a konnt esou dovulafen, fir de Saz däitlech ze gewannen. Den drëtte Saz ass awer nees an déi aner Richtung gelaf, dat well de Jha ganzer 4 direkt Feeler mat der Réckhand gemaach huet an dat beim éischte fräie Ball. Domat goung dee Saz nees un den Inder. Ma den Jha hat och nach net genuch an huet sech mat e puer ganz flotte Schléi de 4. Saz geséchert a konnt also ausgläichen. Nom 5. Saz konnt den Amerikaner dunn eng éischte Kéier an dëser Finall a Féierung goen, dat well hien de 5. Saz am Schnellduerchgang mat 11:3 fir sech entscheede konnt. Den Thakkar ass awer nach eng Kéier zeréckkomm an huet ee 7. an decisive Saz forcéiert, hei mam besseren Enn fir de Kanak Jha, deen domat d'World Junior Circuit Finals fir sech entscheet.

De Kanak Jha beim Service géint de Manav Vikash Takkhar. / © Screenshot Sportstreaming.lu
Meedercher:
Maki Shiomi - Pei-Ling Su 4:0 (11:9; 11:6; 13:11; 11:7)
An der Finall bei de Meedercher war d'Shiomi aus Japan géint d'Su favoriséiert an esou ass déi jonk Spillerin och opgetrueden. Am éischte Saz war si direkt voll konzentréiert an huet een aggressive Spillstil un den Dag geluecht, fir de Saz mat 11:8 ze gewannen. An och am zweet Saz war d'Spillerin aus Japan ze staark fir d'Su, dat zum Ufank vum Saz nach vir war an dunn awer de Saz mat 6:11 ofginn huet. Am drëtte Saz war et méi eng enk Affär, d'Su hat esouguer beim Stand vun 10:9 ee Sazball, konnt dësen awer no engem ganz laange Ballwiessel net verwäerten, esou goung de Saz mat 13:11 un d'Shiomi. Am 4. Saz huet d'Shiomi dunn alles kloer gemaach a wënnt domat dës Finall hei kloer mat 4:0 géint d'Su a ka sech iwwert den Titel bei de World Junior Circuit Finals freeën.

© Screenshot Sportstreaming.lu