Red Boys no Nuecht um Fluchhafen nees zu Lëtzebuerg

© Marc Gatti
Nodeem de Match um Samschdeg wéinst enger Stroumpann mat 90 Minutte Retard gestart gouf, koumt et och beim Réckfluch zu Problemer.
De Retour sollt um Sonndeg den Owend sinn. Déi Déifferdenger haten awer missten aus dem Fliger klammen an d’Nuecht um Fluchhafe verbréngen. E Méindeg de Moien sinn déi Déifferdenger dunn op Frankfurt geflunn a vun do aus ass et weider bis an de Grand-Duché gaangen.
Am Allermatch gewënnt Bierchem um Samschdeg zu Crauthem mat 34:29 géint Zaporozhye. De Retour Match ass muer um Sonndeg och zu Crauthem. Fir d'Red Boys gouf et géint Dynamo Victor aus Russland eng net ze däitlech Néierlag mat 26:31. An der Paus stoung et 8:16. Soumat muss d'Decisioun de 17. Februar am Retour Match zu Déifferdeng falen.