2 Lëtzebuerger kënnen a B-Jugend vum TBV Lemgo wiesselen

© Marcel Kirtz
Mer haten am Januar en Artikel bruecht, iwwert e puer vun eise jonke Lëtzebuerger Handballspiller, déi Prouftrainingen an Däitschland haten.
Fir 2 vun hinne schéngt e Wiessel am August 2018 an de B-Jugendkader vum TBV Lemgo aktéiert ze sinn.
Laut Informatioune vun den Eltere vum Eric del Rosso (HC Standard, Joergang 2002) a vum Charel Kirtz (HB Käerjeng, Joergang 2003) konnte béid Jongen d'lescht Woch op engem Prouftraining iwwerzeegen. Den Eric an de Charel si Schüler am Sportslycée an och FLH-Kaderspiller.
Soubal verschidden Detailer, haaptsächlech schoulescher Natur gekläert sinn, ginn d‘Kontrakter ënnerschriwwen, an hir Aventure kann ufänken.
Dëst ass bestëmmt e wichtege Schratt no vir fir den Handball an der Fërderung vun den Talenter zu Lëtzebuerg.
Bei de Gebridder Luke an Loïc Kaysen vu Bierchem ass d'Äntwert net grad esou positiv gewiescht zu Lemgo. De Luke ass nach 2 Joer ze jonk fir an d'Handball-Akademie. Hie muss minimal 15 Joer hunn, fir ugeholl ze ginn.
De 17 Joer jonke Loïc kritt d'Äntwert am Mäerz op hien op Lemgo an d'A-Jugend kënnt.
Och den HB Diddeleng huet e grousst Talent wat dës Kéier net zu Lemgo mä zu Gummersbach teste war. Et ass dat de 17 Joer jonke Joe Schuster.
Am Abrëll geet hien nees zréck an da gëtt hien definitiv gewuer, ob hien op Gummersbach an d'Handball-Akademie wäert goen.