Handball
André Gulbicki wiesselt vu Bierchem op Esch

© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu
E Sonndeg war et jo d'Nouvelle, datt den Trainer Gulbicki zu Bierchem net verlängert, elo steet da fest, datt hien déi nei Saison zu Esch ufänkt.
Wat scho gemunkelt gi war, wéi e Sonndeg feststoung, datt den André Gulbicki um Enn vun der Saison zu Bierchem ophale géif, gouf dann e Méindeg den Owend confirméiert: Den Handball Esch huet wësse gedoen, datt den André Gulbicki d'Härenekipp vun der nächster Saison un trainéiert.
Ausserdeem huet den HB Esch Kontrakter signéiert mat Tom Krier, Julien Kohn, Dimitri Mitrea, Adel Rastoder, Tom Wirth a Luca Muller.
Am meeschte gelies