E Méindeg den Owend gouf déi drëtt a lescht Partie vum 1. Spilldag am Titelgrupp gespillt.

Nodeems Diddeleng de Standard e Samschdeg mat 36 op 19 dominéiert hat a sech Käerjeng um Sonndeg mat 37 op 22 géint Schëffleng behaapte konnt, ass d'Partie um Méindeg manner däitlech ausgefall:

Um Enn hat de Chev vun Dikrech beim 24:19 fënnef Punkten Avance op den HB Museldall.

Domat ass deen éischte Spilldag elo komplett.

An der Tabell sinn déi 3 Ekippe virop, déi hir Partië gewanne konnten: Käerjeng, Diddeleng an Dikrech.